Covid-Impfungen Harmoniséiert Approche fir EU-Impfcertificat

D'EU-Staaten hu sech op eng gemeinsam Linn beim geplangte Covid-Certificat gëeenegt. Dat ass d'dpa aus Diplomatekreesser zu Bréissel gewuer ginn. De sougenannten "grénge Certificat" soll am Juni, wann d'Vakanzen uginn, prett sinn, wéi d'EU-Kommissioun et schonn am Mäerz ugekënnegt hat. Domat soll d'Reesen an der EU méi einfach ginn. Lëtzebuerg begréisst dëse Schrëtt.

Isabel Scott / cbi

Impfcertificat
Foto: Bigstock / Wladimir.B

Dëse Certificat an digitaler an analoger Form soll Impfungen, Test-Resultater an iwwerstanen Infektioune bescheinegen. D'EU-Länner wiere sech eens ginn, datt déi eenzel Memberstaate selwer solle kënne bestëmmen, wat sou e Certificat fir Virdeeler fir Areesender mat sech bréngt.

Vu Lëtzebuerger Säit heescht et, et géif ee begréissen, datt et sech hei ëm e Certificat, an net em een "Impfpass" handelt. Verschidde Memberlänner hätte esou e Pass gefuerdert, deen dem Titulaire gewësse Rechter zoudroe géif. Aus Lëtzebuerger Siicht hätt dëst eng Form vun Diskriminatioun kéinten duerstellen, dat well net all Bierger de selwechten Accès zur Covid-Vaccinatioun hätt, an och well et keng generell Impfflicht gëtt.

Et soll och vun den eenzele Memberlänner ofhänken, ob si och Impfunge vu Pharmakonzerner unerkennen, déi just a verschiddene Länner zougelooss sinn, wat jo zB de Fall vum russesche Sputnik ass. Vun engem Beamten heescht et, datt Lëtzebuerg déi Impfstoffer erkenne wéilt, déi vun dem europäesche Regulateur EMA zougelooss wieren.

D'EU-Kommissioun schafft elo un enger digitaler Virlag fir dëse Certificat, dee fir déi national Uwendung geduecht ass. Domat wier d'Prozedur elo lancéiert, viraussiichtlech soll d'EU-Parlament am Mee an der Plenière iwwer dës Mesure ofstëmmen. De politesche Wëlle fir eng séier Adoptatioun wier do, esou d'Aschätzung vun engem Lëtzebuerger Beamten.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Isabel Scott
Lauschteren

Méi zum Thema

Covid-19 Passport
EU-IMPFCAMPAGNE

Bis den 17. Mäerz soll eng legal Propose fir een digitalen Pass um Dësch leien, deen och mat Rechter op de Grenzen verbonne wier. Wéi eng dat genee solle sinn, ass nach net kloer. D'Iddi ass an der EU ëmstridden.

Impfstoff vu Biontech/Pfizer
EU-IMPFSTRATEGIE

An der EU gëtt un engem eenheetleche Certifikat iwwert eng Corona-Impfung geschafft. De Projet ass awer nach net wäit fortgeschratt. D'Diskussioun doriwwer, wéi eng Rechter domat verbonne wieren, huet nach net richteg ugefaangen.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen