Mobbing wier e "fait condemnable", sou de Xavier Bettel. Hien hätt allerdéngs keen Abléck an den Dossier gehat, deen d'EU-Parlament an der Suite vun de Mobbing-Virwërf géint d'Monica Semedo opgestallt hätt, a kéint dowéinst net ofschléissend jugéieren. Mee "wann d'Europaparlement ee kondemnéiert, dann ass eppes do", esou de Premier weider.
Seng Partei géif Mobbing net als Bagatell ugesinn, mee fir hie wier et wichteg, datt d'Europadeputéiert selwer elo e bësse Recul zu der Affär kéint kréien. D'Monica Semedo wier momentan "um Buedem", sou de Premier.
Hir Excusë wieren awer éierlech gemengt gewiescht a fir de Xavier Bettel een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung.