Telekommunikatioun Konsumente mussen oppassen

Nom 15. Juni soll et an der EU keng Roaming-Käschte méi ginn. D'Handysbedreiwer sollen dowéinst awer net hir Tariffer erop setzen oder d'Verträg änneren, seet d’Michèle Bram vum Regulatiouns-Institut ILR. De Lëtzebuerger Operateur Tango steet an der Kritik, well e seng Tariffer viraussiichtlech wëll hiewen. Eng kloer Äntwert op dee Fall huet den ILR nach net.

Maxi Pesch

Handyrechnung
(Foto: © Bigstock / AntonioGuillem)

Den ILR hätt keen Zougank op déi verschidde Kontrakter tëschent de Clienten an den Operateuren, sou d'Michèle Bram. Et wier een op de Feedback vun de Clienten ugewise fir en eventuelle Mëssbrauch festzestellen."Wat Tango ugeet, do hu mir och elo schonn déi eng oder aner Demande vun engem Client kritt. " Den ILR hätt och d'Méiglechkeet fir Sanktiounen z'erdeele wann dann en Abus géif festgestallt ginn.

De Lëtzebuerger Operateur Tango war a Kritik gerode well e verschidde Clientë kontaktéiert hat fir hinnen eng automatesch Tariffupassung fir eng méi grouss Leeschtung an engem méi héije Präis ze proposéieren.

Obligatioun z'informéiren

De Konsumenteschutz ULC huet d’Operateure gewarnt, d’EU Roaming Regelen net ze ëmgoen andeems se hire Clienten deier Kontrakter proposéieren. Och d'Regulatiouns-Institut ass der Meenung, datt d’Ofschafe vun de Roamingstariffer net mat enger Tariffupassung oder enger Kontraktännerung verbonne soll sinn.

"De Prinzip ass: Dat, wat de Client national kritt muss en och automatesch europawäit kréien, ouni dass ee Surplus fakturéiert gëtt", esou d'Michèle Bram vum ILR. Ausserdem hätt all Client d'Recht e lafende Kontrakt ze kënnege wann e mat den neien Tariffer net averstanen wier. D'Handysoperateure wieren obligéiert hire Clienten iwwert d'Changementer z'informéieren. "Als ILR kontrolléiere mir op, a wéi, dës Kommunikatioun gemaach gëtt".

Optioune fir d'Bedreiwer

D'Michèle Bram géif awer och verstoen, datt d’Operateuren net frou iwwert déi nei Reglementatioune wieren. "Deemno gesäit d'Reglementatioun och verschidden Optioune fir d'Bedreiwer vir". Zum Beispill kéint een Handysbedreiwer, wann ze vill héich Fraisen duerch de Roaming entstinn, eng Demande beim Regulateur maachen fir d'Surchargë kënnen ze verrechnen.

D'Reglementatioun gesäit och eng Erliichterung bei de sougenannten "Wholesale-Präisser" fir: "D'Präisser déi sech d'Operateuren ënnertenee verrechne fir d'Benotze vun den Netzer, sollen elo erof goen."


Interview: Michèle Bram

Méi zum Thema

Claudia Hansen Meenung
Europa

An Holland huet T-mobile d’Roamingkäschte schonn ofgeschaaft, ier dat an der ganzer EU de Fall ass. Dat gëtt en neit positiivt europäescht Gefill, mengt eis Holland-Korrespondentin Claudia Hansen.

Roaming
Telekommunikatioun

D'Roaming-Käschten am EU-Ausland sollen ewech falen. D'Direktiv vun der EU-Kommissioun gouf awer zeréckgezunn. An der Propositioun waren nëmmen 90 Deeg gratis Roaming d'Joer bannent der EU virgesinn.

close-up of the phone in female hands
Telekommunikatioun

Enn Abrëll trëtt een éischte Plafong fir Roaming-Käschten a Kraaft, de 15. Juni 2017 gi se an der EU ganz ofgeschaf. Fir de Postchef Claude Strasser gerode besonnesch d'Operateuren hei am Land ënner Drock.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen