Reouverture vum Commerce Handelskonferedatioun ass erliichtert

De Commerce ass erliichtert, datt d'Geschäfter nees kënnen opmaachen. D'Situatioun am Secteur wier batter, seet den Nicolas Henckes. Hien huet kee Versteesdemech, datt d'Geschäfter iwwerhaapt hu missen zoumaachen.

Michèle Sinner / cbi

Nicolas Henckes
Den Nicolas Henckes ass Direkter vun der Handelskonfederatioun. Foto: Archiv

Lauschteren


"Mir sinn deck erliichtert", seet de Nicolas Henckes, d'Situatioun bei de Betriber wier "ganz schlëmm". De Chiffre d'affaire an deene Wochen virun der Fermeture wier an der Moyenne 20 Prozent méi niddreg wéi d'lescht Joer gewiescht. Fir déi meescht wier et an de leschte Woche ganz batter ginn, seet den Direkter vun der Handelskonfederatioun, d'Reserve wieren um Enn.

Nei Oplagen misste kee Problem duerstellen

Déi nei Oplage fir d'Geschäfter - ee Client op 10 Quadratmeter - dierfte kee Problem ginn, mengt den Nicolas Henckes. Dës Oplage géifen nämlech op Propose vum Secteur selwer zeréckgoen.

Déi meescht Commerçanten, déi meng eng kleng Surface wéi 400 Quadratmeter hunn, hätte sech scho virdrun un dës Reegel gehalen. Den Nicolas Henckes geet dovunner aus, datt et e Méindeg keng Schwieregkeet misst ginn fir d'Reegelen all ze applizéieren.

Hien huet guer kee Versteesdemech, datt d'Geschäfter zougemaach goufen, well sech d'Leit méi am private Kader géifen ustiechen. Dofir fuerdert den Nicolas Henckes:

"Wann d'Regierung eppes wëllt ënnerhuelen, da soll se d'Police erausschécken a kucken, datt déi privat Partien opgehale ginn a mat ganz décken Amenden bestrooft ginn."

Méi zum Thema

François Koepp
Horesca kritiséiert d'Regierung

Och d'Horesca ass net zefridde mat den annoncéierte Lockerunge vun de Corona-Restriktiounen. Den Horesca-Generalsekretär François Koepp versteet net, firwat datt d'Restauranten a Caféë musse bis Enn vum Mount zoubleiwen.

Xavier Bettel
No annoncéierte Lockerungen

De Premier Xavier Bettel verdeedegt d'Decisioun vun der Regierung, fir eenzel Restriktiounen ze lackeren. Et misst een awer och séier reagéiere kënnen, wa beispillsweis an dräi Wochen d'Zuelen erëm an d'Luucht géife goen.

Chambersplénière
Restriktiounen

D'Infektiounszuele misste weider erof an d'Spideeler entlaascht ginn, heescht et vun den Oppositiounsparteien. Si sinn net mat den neie Covid-Mesuren averstanen, aus ganz verschiddene Grënn.

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Adaptatiounen um Covid-Gesetz

Ënner anerem ginn d'Schoulen an d'Crèchen den 11. Januar nees op, de Couvre-feu gëtt vun 21 op 23 Auer geréckelt an d'Restriktiounen am Sport an am Kultursecteur gi gelackert. D'Horesca bleift bis den 31. Januar zou.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen