Däitschland Hanau, Drosten, Wirecard. D'Joer 2020 an Däitschland
De Coronavirus huet d'Joer 2020 och an Däitschland dominéiert. Mee et sinn och aner Saache geschitt. Vun zweiwelhafte politesche Machenschaften bis zu engem wirtschaftleche Skandal, dee sengesgläiche sicht, war alles dobäi. E Réckbléck.
Wann een op e Joer wéi dëst zeréckbléckt, da muss een - en Vue vun de ville schlechten Noriichten - heiansdo ganz hannen ufänken - bei enger gudder. Een Dag méi fréi wéi geplangt huet Däitschland dëse Weekend mat den Impfungen géint Covid-19 ugefaangen. An domat dem Corona-Joer alt wéinstens e verséinlechen Ofschloss ginn. Well d'Joer 2020, souvill schonn am Viraus, huet an Däitschland méi vun deene schlechte wéi vun deene gudde Nouvellë produzéiert.
Mam Wësse vun haut kéint ee soen: D'Zeeche stounge jo vun Ufank un net gutt. Am Februar spillt sech am Bundesland Thüringen e politesche Krimi of. Mat de Stëmme vun der rietsnationalistescher AfD léisst sech de liberale Politiker Thomas Kemmerich zum Ministerpresident wielen - fir déi aner Parteien en Eclat. Sech vu Rietspopulisten, jo am Fall vun Thüringen esouguer Rietsradikalen, an dat héchst politescht Amt wiele loossen - d'Rechnung geet fir den Thomas Kemmerich schlussendlech net op. No dräi Deeg immensem ëffentlechen Drock trëtt hien zeréck.
AKK zitt e Schlussstréch, Hanau schockt d'Land
De Politik-Krimi ass domat net eriwwer: Well hir Partei am Thüringen och schlecht ausgesäit, zitt d'CDU-Parteicheffin an designéiert Merkel-Nofollgerin Annegret Kramp-Karrenbauer Konsequenzen. Si annoncéiert hire Récktrëtt vun der Parteispëtzt an deelt mat, sech net als Kanzlerkandidatin opstellen ze wëllen. D'CDU geréit an eng Féierungskris, aus där se, opgrond vun den Ëmstänn, nach ëmmer net eraus ass.
Mee just e puer Deeg méi spéit denkt an Däitschland kee méi un den Hin- an Hier an der Politik. Am hesseschen Hanau erschéisst en Däitschen aus rassistesche Motiver néng Leit, an du seng eege Mamm a sech selwer. Alleguer d'Affer haten e Migratiounshannergrond, den Täter hat si cibléiert ugegraff. Hanau war, nieft dem Mord um Politiker Walter Lübcke an dem Attentat op d'Synagog vun Halle, déi drëtt rassistesch motivéiert Attack an Däitschland bannent just aacht Méint.
Nom Hanau geet eng Well vu Solidaritéit duerch Däitschland. Anescht wéi no aneren Attentater huet een d'Gefill: den offensichtlech grousse Problem vu rietsextremistesche Kräften an der Populatioun gëtt elo adresséiert. Mee et sollt net laang daueren, bis d'Opmierksamkeet op engem anere Problem lant.
Drosten vs. "Querdenken"
Am Februar kënnt de Coronavirus och an Däitschland un. Den däitsche Virolog Christian Drosten entwéckelt den éischte Corona-Schnelltest a gëtt iwwer Nuecht zur Medie-Sensatioun. Mee wat d'Infektiounszuele klammen, d'Reegelen méi streng ginn an d'ëffentlecht Liewen erofgefuer gëtt, wat an Däitschland ëmmer méi Leit rose ginn.
Déi sougenannte "Querdenken"-Beweegung gëtt zum Sammelberäich fir all déi Leit, déi mat de Corona-Mesurë vun der däitscher Regierung onzefridde ginn. Iwwer d'Méint geselle sech ëmmer méi bekannte Rietsextreemer a Räichsbierger dozou, den Héichpunkt ass de Stuerm op de Bundestag am spéide Summer.
Demonstranten, de Virus a politesch Kämpf - d'Joer 2020 gëtt, zum Schluss vun hirer Amtszäit, nach eng Kéier zum Stresstest fir déi däitsch Kanzlerin. Ënner hirer Féierung festegt sech d'Unioun aus CDU an CSU als stäerkste politesch Kraaft am Land. D'Angela Merkel huet eben ëmmer a Krisen am hellste geglänzt.
Wirecard stierzt of, Amokfaart zu Tréier
A Krise goufen et der ebe genuch. Bei der Münchener Entreprise Wirecard flitt e risege Finanzskandal op. Nach haut sichen d'Autoritéiten no engem fréiere Wirecard-Manager, dee sech mat ronn zwou Milliarden Euro soll an d'Ausland duerch d'Bascht gemaach hunn.
Mee net all Kris war esou international. Heiansdo ware se och just e puer Minutte vu Lëtzebuerg ewech. D'Amokfaart vun Tréier, wou fënnef Leit ëm d'Liewe koumen, war den traurege Schlusspunkt fir e Joer vu schlechten Nouvellen an Däitschland.
An déi gutt Nouvellen?
Mee wann ee se sicht, da gëtt et eben och e puer gutt Noriichten. Ëmmerhin ass ee vun de villverspriechenden Covid-Impfstoffer vun der däitscher Firma Biontech entwéckelt ginn. A fir d'Fussball-Supporteren: Mam Robert Lewandowski gouf fir d'éischte Kéier e Spiller aus der däitscher Bundesliga zum Weltfussballer gewielt.
Am Verglach zu der viller Negativitéit ass dat natierlech net vill. Mee et heescht och: d'Lat läit fir d'Joer 2021 net all ze héich. Mee mat enger Rei Landtagswalen an der Bundestagswal am September deit sech jiddefalls e spannend Joer an Däitschland un.