Reform vum Haff Groussherzoglechen Haff soll méi Moyene kréien

Am Kader vun der geplangter Moderniséierung soll de groussherzoglechen Haff vun 2021 u considerabel méi Budget kréien. An der geplangter neier Administratioun "Maison grand-ducale" sollen 142 Leit Personal schaffen: dat wieren der 35 méi wéi bis elo.

Serge Kesseler / cz

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; Fernand Etgen, président de la Chambre des députés ; S.A.R. le Grand-Duc

Dat war vun Oppositiouns-Deputéierte gewuer ze ginn, nodeem de Premier de Mëtteg an der Chamber-Institutiounekommissioun den Textprojet presentéiert huet, fir de geplangten Arrêté grand-ducal fir d'Organisatioun vun der Maison grand-ducale. Dem Xavier Bettel no, hätt de Grand-Duc säin Aval dofir ginn.

Domat solle Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport vum Februar dëst Joer ëmgesat ginn, fir ë.a. méi Transparenz bei der Finanz- a Personal-Gestioun um Haff. Den Auteur Jeannot Waringo huet op Nofro gesot, datt seng Missioun vun haut u "richteg eriwwer" wier. Immens vill Saachen aus sengem Rapport wieren iwwerholl ginn, fir eng modern Monarchie ze schafen.

Méi zum Thema

Karin Waringo
Petitioun 1638

D'Karin Waringo ass Mat-Iniciatrice vun enger Petitioun, déi sech dofir asetzt, datt architektonesch wäertvoll Gebaier erhale ginn. Et géif awer net drëms goen, datt al Gebaier d'office net méi dierfen ofgerappt ginn.

Yuriko Backes
Yuriko Backes

D'Yuriko Backes, Maréchale de la Cour, géif "op eng intensiv Aart a Weis" zesumme mam Grand-Duc a mat der Regierung schaffen, fir de Reformprozess "esou séier wéi méiglech duerchzezéien".

Staatsministère Illustratioun Waringo-Rapport
Corona-Pandemie

15 Persoune sinn hei am Land wéinst dem Coronavirus gestuerwen, d'Zuel vun den Hospitalisatiounen ass op 148 geklommen. D'Regierung huet fir déi éischte Kéier gesot, wéi vill Better alles an allem disponibel wieren.

Xavier Bettel
Monarchie

Et wier am Interêt vu jiddwerengem - och vum Haff - datt Reegelen opgestallt ginn an datt sech dann och doru gehale gëtt, seet de Xavier Bettel. Hie wéilt der Monarchie nämlech net schueden, am Géigendeel.

Paul-Henri Meyers
Waringo-Rapport

Et muss gehandelt ginn, an zwar direkt: fir de fréieren CSV-Deputéierten a Verfassungsspezialist Paul-Henri Meyers ass dat d'Conclusioun, déi aus dem Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun um Haff ze zéien ass.

Palais
Waringo-Rapport

De Spezial-Representant Jeannot Waringo, dee vum Premierminister mat engem Rapport iwwer d'Personalgestioun vum Haff beoptraagt gouf, fuerdert a sengem Rapport iwwer d'Personalgestioun eng Rei Reformen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen