Stagegesetz "Grouss Amendementer néideg"

UNEL a Richtung22 fuerderen, datt de Gesetzesprojet fir d'Reglementéierung vun de Stagë soll iwwerschafft ginn. Dowéinst huet d'Studentevereenegung an Zesummenaarbecht mam Kënschtlerkollektiv d'lescht Woch eng Petitioun um Kampagnen-Netzwierk AVAAZ lancéiert. Bis elo hu knapp iwwer 100 Leit ënnerschriwwen.

Serge Kesseler / cz

Fair statt prekär
Picture Alliance

All Stage, egal ob fräiwëlleg oder obligatoresch, soll bezuelt ginn. Donieft gëtt verlaangt, datt d'Bezuelung fir Stagë méi héich soll ausfalen, wéi dat, wat am Aarbechtsminister sengem Projet virgesinn ass. D'Halschent respektiv zwee Drëttel vum qualifizéierte Mindestloun sollen et sinn, jee no Längt vum Stage. Jonker solle virun Ausnotzung geschützt ginn, heescht et. Eng weider Fuerderung ass déi, datt et keng Proufzäit méi soll ginn, wann e Jonken no engem Stage eng fest Aarbechtsplaz kritt.

Bei der Bezuelung vun de Stagë sollen et keng Ënnerscheeder méi ginn, verlaangen UNEL a Richtung22. Et soll keng Konkurrenz geschafe ginn tëschent deene Leit, déi e Stage musse maachen, an deenen, déi e fräiwëlleg maachen, esou d'Lisa Kersch, Porte-Parole vun der Studentevereenegung UNEL. Et wier eng Realitéit, Stagen am CV, déi fir Entreprisen ëmmer méi wichteg géife ginn. De proposéierte Gesetzestext géif awer eng Ongerechtegkeet um Niveau vum Accès op d'Stagë schafen.

Méi héich Bezuelung

D'Bezuelung fir Stagë soll méi héich ausfalen, wéi dat wat am Gesetzesprojet virgesinn ass. D'Halschent respektiv zwee Drëttel vum qualifizéierte Mindestloun sollen et sinn, jee no Längt vum Stage, esou d'UNEL-Spriecherin. "Natierlech si mir och der Meenung, datt een dat dote kann nom Diplom vun de Studenten upassen." Wéi genee dat kéint ausgesinn, kéint een an Zukunft kucken.

Eng weider Fuerderung ass déi, datt et keng Proufzäit méi soll ginn, wann e Jonken no engem Stage eng fest Aarbechtsplaz kritt. Den Aarbechtsminister huet säi Gesetzesprojet zesumme mat der Studentenorganisatioun ACEL ausgeschafft. D'UNEL hat hir Entrevue mam Nicolas Schmit eréischt viru ronn 14 Deeg.

"Kleng Amendementer weider méiglech"

Et wier een interessante Meenungsaustausch gewiescht. Dem Minister Schmit no misst een d'Diskussioun an der Chamber ofwaarden, kleng Amendemente wieren awer ëmmer méiglech. D'UNEL begréisst generell awer d'Initiativ vum Ministère a vun der ACEL, sou d'Lisa Kersch, Spriecherin vun der UNEL an Duechter vum Inneminister Dan Kersch, engem Parteikolleg vum Aarbechtsminister.

UNEL a Richtung22 hätte wéinst dem Stage-Gesetzeprojet séier wëllen Drock opbauen an eng Diskussioun lancéieren. Dowéinst wier een net op de Wee vun enger Pétition publique gaangen, sou d'Vertriederin vun der UNEL.

Méi zum Thema

Romain Wolff
CGFP

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP fuerdert, datt d'Stagiairë beim Staat nees zu 100 Prozent bezuelt ginn. D'Staatsfinanze wiere gutt an d'Stagiairë géife mat kompletten Tâchen agesat ginn.

Woman under stress at home working at the computer
Grondschoul

Well si déi zousätzlech Laascht vum Stage net packen, wollte vill jonk Enseignanten de Beruff opginn, soen d'Gewerkschaften. Dem Educatiounsminister seng Ännerunge bewäerte si ënnerschiddlech.

Accord salarial
Fonction publique

Den neie Gehälteraccord tëscht Staat a CGFP steet. Deen Text gesäit eng Rei finanziell, statutaresch a sozial Verbesserunge fir d’Staatsbeamten an d'Staatsemployéë vir. Detailer a Reaktiounen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen