CSSF Gros vun Immobiliekreditter gëtt zeréckbezuelt

Manner ewéi en hallwe Prozent vun den Immobiliekreditter geroden a Schwieregkeeten. Dat huet d'CSSF haut den Deputéierten an der Chamberfinanzkommissioun gesot.

Michèle Sinner / tt

Wunnhaiser
Foto: picture alliance/dpa

D'Vertrieder vun der CSSF waren an der Chamberfinanzkommissioun, fir Erklärungen ze ginn, zum Reglement mat deem vu Januar un d'Konditioune fir Immobiliekreditter verschäerft ginn. D'Banken däerfen hire Clienten dann net méi iwwer 100 Prozent vum Akafspräis vum Haus oder Appartement léinen.

Finanzstabilitéit wier geséchert

Den Undeel vun de Kreditter, déi net zeréckbezuelt ginn, sot de Gilles Roth vun der CSV, géif sech iwwer déi lescht Jore gekuckt, op manner wéi ee Prozent belafen. An deene seelene Fäll, wou et zu enger Zwangsstee kéim, géifen d'Banken "deen Découvert vun de Prêten, deen se haten eigentlech nach duerch déi Immobilieverkeef gedeckt" kréien.

Dat ass logesch, esou laang wéi d'Präisser erop ginn an de Wäert vun den Immobilie klëmmt. Fir de Roy Reding vun der ADR ass de Risiko doduerch am Moment null.

Am Gesetz, op deem d'Decisioun fir d'Kreditkonditiounen ze verschäerfe berout, steet awer, datt esou Mesurë just kenne geholl ginn, wann et schwéier Dysfonctionnementer am Finanzsecteur ginn.

Reglement net fir Wettbewerbsverzerrung do

Tëschent den Zeilen hätt d'CSSF awer och duerchblécke gelooss, esou de Gilles Roth, datt et Konkurrenz ëm d'Clientë tëschent de Banken géif ginn.

Dat confirméiert de Roy Reding, ënnersträicht awer, datt "dat Instrument do ass jo net gemaach, fir Wettbewerbsverzerrungen z'ënnerbannen, mee fir risques systémiques auszeschléissen. An ech gesi kee risque systémique."

Wärend de Gilles Roth fäert, datt et mat den neie Reegele méi schwéier gëtt fir d'Leit fir sech eng Wunneng ze kafen, mengt de Roy Reding, datt dat neit Reglement net vill ännere wäert.

Méi zum Thema

Illustratioun Immobiliekreditter
Logement

Duerch d'Pandemie kréie virun allem d'Beschäftegt aus dem Horesca-Secteur an der Industrie Problemer hir Immobiliekreditter zeréckzebezuelen. Den Impakt op den Hypothéikemarché ass awer zimmlech limitéiert.

Sammelkloen
Sammelkloen

Bis ewell gëtt et vill Kritik zum Projet de loi iwwer Sammelkloen. De Konsumenteschutz, d'UEL an de Conseil de la concurrence weise sech enttäuscht. Et ass awer eng europäesch Direktiv um Wee.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen