D'Grenze ware knapp zou, do goufen op däitscher Säit scho Lackerunge vun de Restriktiounen annoncéiert.
"Pragmatesch handelen"
Zanter gëschter kann een nëmmen ënner gewësse Konditiounen aus Éisträich oder Tschechien an Däitschland areesen. D'Exceptioune gëlle fir däitsch Staatsbierger, Persounen, déi an Däitschland liewen awer och gewëss Frontalieren, fir ze evitéieren, datt Personal a systemrelevante Branchë feelt.
Dozou zielen niewent dem Fleege- a Gesondheetssecteur och de Wuerentransport an d'Landwirtschaft. Fir all aner bléiwen d'Grenzen zou, aus Angscht virun de Corona-Mutatiounen, déi an Tschechien an Éisträich wäit verbreet sinn.
Den däitschen Inneminister Horst Seehofer sot, et géing ee pragmatesch handelen, wou een nëmme kéint. Dat gesäit déi däitsch Industrie awer anescht.
Negativ Konsequenze vun de Kontrollen
An enger éischter Phase muss all Persoun, déi nach areesen dierf een negative Coronatest presentéieren, deen net méi al wéi 48 Stonnen ass. D'Testflicht kéint awer de Wuerentransport staark aschränken, seet den däitschen Automobilverband VDA.
D'Produktioun kéint haut um Méindeg plazeweis komplett ausfalen, well wichteg Baudeeler net zur Zäit kënne geliwwert ginn, sou d'VDA.
Och suergt een sech an Éisträich, Tschechien an an anere Länner dorëms, datt d'Kontrolle massiv Staue kéinte verursaachen. De slowakeschen Ausseminister Ivan Korčok hätt dowéinst scho bei sengem däitschen Homologe Heiko Maas intervenéiert, heescht et vu slowakescher Säit.
Eng Entscheedung fir d'Bierger?
An Däitschland gëtt d'Mesure awer als alternativlos presentéiert. De Gesondheetsminister Jens Spahn sot der "SZ", et géinge Momenter an der Pandemie ginn, an deenen een esou Entscheedunge misst treffe fir d'Bierger an d'Biergerinnen ze schützen.
Och den sächsesche Ministerpresident Michael Kretschmer sot et hätt ee keng aner Wiel, et misst een sech selwer schützen, well an de betraffene Länner eben net strikt genuch agegraff gëtt.
An der tschechescher Grenzregioun ginn et plazeweis Inzidenzzuele vun iwwer 1.000, däitschlandwäit läit d'Inzidenz bei knapp 57. Tschechien hat gëschter den Noutstand ëm zwou Woche verlängert. Mee hëlleft et einfach nëmmen d'Grenzen zu Risikogebidder zouzemaachen?
D'EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides huet an engem Interview mat der "Augburger Allgemeinen" d'Restriktioune kritiséiert.
"D'Angscht virun de Mutatiounen ass verständlech", sou d'Kyriakides, "mee d'Wourecht ass och, datt sech de Virus net duerch Grenzschléissungen ophale léisst."
Ze spéit?
Effektiv huet eng nei Etüd am Fachmagasinn PNAS elo gewisen, datt et net duergeet, einfach d'Grenzen zouzemaache fir d'Verbreedung ze verhënneren, wann de Virus schonn am Land ukomm ass an hei keng staark Kontaktaschränkunge stattfannen.
A verschiddenen däitsche Grenzregioune bei Tschechien an Éisträich sinn d'Zuelen elo schonn sou héich, datt een sech froe kann, ob et net schonn ze spéit ass an ob den Notzen déi potentiell politesch a wirtschaftlech Niewewierkunge legitiméiert.
Et erënnert un d'lescht Joer, wou verschidden europäesch Länner hir Grenzen zougemaach haten an dës ultima ratio d'europäesch Kooperatioun an den Zesummenhalt a Fro gestallt huet.
Och elo ass ee schonn an anere Länner, dorënner Lëtzebuerg, besuergt, datt Däitschland och hei d'Grenze kéint zoumaachen.
Dobäi sollt d'Pandemie dach eigentlech mëttlerweil gewisen hunn, datt sougenannten "nationale Alleingänge" seelen d'Léisung fir e Probleem sinn, deen alleguer betrëfft.