EU-CORONAHËLLEF Gréng gewäsch a politesch recycelt?

Fir un d'Suen aus dem EU-Anti-Krisepak ze kommen, hunn d'Länner missen ee Programm zu Bréissel deposéieren, mat konkrete Projeten. Déi entspriechen zwar de Critère, mee hale net ëmmer dat, wat se verspriechen, seet eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber / Simon Larosche / cbi

Analys Danièle Weber
Foto: Archiv

Fir un d'Suen aus dem EU-Dëppen ze kommen huet all Land missen ee Plang mat spezifesche Projeten opstellen, an dee bis Enn Abrëll bei der Europäescher Kommissioun erareechen. Zanterhier hunn d'Beamten zu Bréissel déi Proposen duerchgeholl, an dës Woch goufen déi éischt Pläng adoptéiert. Haut ass d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Lëtzebuerg fir d'Resultat vun der Evaluatioun vum Lëtzebuerger Plang ze presentéieren.

Simon Larosche: Mat wat ass do ze rechnen? Kritt d'Lëtzebuerg eng Bonne Note vun der Kommissioun?

Danièle Weber: Wéi eng Zensur Lëtzebuerg wierklech kritt, wësse mer eréischt e bësse méi spéit um Freideg de Moien, wann déi Evaluatioun vun der Kommissioun offiziell virläit. Datt de Plang awer ugeholl gëtt, doru gëtt et am Fong keen Zweiwel. Lëtzebuerg ass domat bei den éischten fënnef Länner, vun deenen d'Pläng adoptéiert ginn. Dat war dës Woch och fir Portugal a Spuenien de Fall.

Eppes, wat d'Kommissioun bestëmmt am Lëtzebuerger Plang extra ënner d'Lupp huele wäert, sinn eventuell Reformen am Zesummenhang mat der Steierpolitik. Déi gi vu Bréissel erwaart, dat gouf och esou an de lännerspezifesche Recommandatiounen am Kader vum europäesche Semester schrëftlech festgehalen.

Lëtzebuerg gouf do vu Bréissel eng Politik attestéiert, déi eng aggressiv Steierplanung erliichtert. Allerdéngs huet d'Regierung an deem Zesummenhang an hirem Plang, dee si zu Bréissel agereecht huet, keng substantiell Reformen annoncéiert.

Déi national Pläng goufen deels kritiséiert. Zum Beispill wat hiren Impakt op de Klimaschutz ugeet. Do ass vu "Greenwashing" Rieds. Wéi ass et do, wat Lëtzebuerg ugeet?

D'EU-Länner hu missen eng Partie Krittären anhale beim Opstellen vun hire Programmer. Een dovun ass, datt 37 Prozent vun de Sue mussen a Projeten fléissen, déi dem Klimaschutz déngen.

Virun allem am Europaparlament gouf d'Remark gemaach, datt eng Partie vun deene Projeten zwar gréng heeschen, mee datt hiren Impakt dono op de Klimaschutz ganz kléng bis null wäert sinn.

Et gëtt zum Beispill eng Etüd vum Wuppertal Institut iwwer 16 Länner, déi seet, datt bei iwwer engem Drëttel vun de Projeten, déi als gréng gelabert goufen, net mat eng positiven Impakt op de Klimawandel ze rechnen ass.

Wat Lëtzebuerg ugeet gesäit de Plang um Pabeier op alle Fall gutt aus: net nëmmen 37, mee 61 Prozent vun den 93 Milliounen Euro, déi de Grand Duché zu gutt huet, sollen a klimarelevant Projeten fléissen. Dat ass also vill méi wéi verlaangt gouf.

Heescht dat, datt Lëtzebuerg hei als Musterschüler gëlle kann?

Ech mengen, dat wier ze vill gesot.

Lëtzebuerg proposéiert hei virun allem Suen a Projeten am Zesummenhang mam Transport, haaptsächlech der Elektromobilitéit, ze stiechen an an d'Biodiversitéit, d'Reform vum sougenannte Naturpakt.

Mir haten do beim Mouvement Ecologique nogefrot. Vu Greenwashing kéint ee bei deene Lëtzebuerger Projeten sécher net schwätzen, seet d'Presidentin Blanche Weber. Si huet déi Projeten allerdéngs éischter als "nice to have" bezeechent. D'Regierung wier méigleche Problemer en vue vu méi fundamentale Reformen, wéi zum Beispill am Beräich vun der Agrarpolitik aus dem Wee gaangen. Dee grousse "Kick" en vue vun enger grénger Transitioun net vun deem Plang ausgoen.

Déi nämmlecht Kritik gouf et iwwregens och wat d'Projeten an anere Länner an an anere Beräicher wéi dem Klima ugeet.

Mir haten hei op eiser Antenne an enger Serie mat eise Korrespondent- innen op eng ganz Partie national Pläng gekuckt. An do war méi dacks ze héieren, notamment an Däitschland an a Frankräich, datt souzesoen ee politesche Recycling gemaach gouf. Also et goufe Projeten, déi d'Regierungen souwisou wëlles haten, am Kader vun deem Corona-Hëllefspak proposéiert a sollen elo eben mat EU-Suen finanzéiert ginn. Dat gëtt der Ambitioun, wierklech strukturell Reformen op de Wee ze bréngen, natierlech net gerecht.

Den Ament deit awer villes drop hin, datt d'Kommissioun bei hirer Evaluatioun virun allem drop kuckt, ob d'Krittären erfëllt sinn, an do manner inhaltlech agräift.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass also haut héchstperséinlech zu Lëtzebuerg, fir dee Plang dann offiziell gutt ze heeschen. Heescht dat, datt si an all déi 27 Länner reest, fir dee wichtege Moment ze markéieren?

Déi Fro hat ech och der Kommissioun gestallt. D'Äntwert war, jo - dat wier effektiv hir Intentioun.

Et ass natierlech ee Moment, dee sech d'Kommissiounscheffin net entgoe wollt loossen. Et geet drëm, d'Suen ze verdeelen - an do steet een natierlech gären an der éischter Rei op der Foto. Et ass jo och esou, datt d'Kommissioun duerchaus eng positiv Publicity gebrauche kann.

Et muss ee just soen, datt d'Promotioun vun hire Reesprojeten an déi 27 Haaptstied vläicht en Grimmel ze aggressiv zu Bréissel bedriwwe gouf, bei deem et vill ëm d'Inzenéierung goung, nom Motto hei kënnt d'Presidentin mam EU-Scheck vu Bréissel.

Dorop, datt d'Press mat Zäiten dat néidegt Material kritt, fir sech kënne virzebereeden, gouf deels e bësse manner Wäert geluecht. Wat Lëtzebuerg ugeet, hu mer do och e bësse missen nohëllefen, wat allerdéngs dunn och geklappt huet.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Olaf Scholz
Däitschland

Déi däitsch Regierung ass wéi déi meescht aner stolz op hire Plan de Relance. Kritiker fannen allerdéngs, datt d'Projeten net vill anescht si wéi déi, déi schonn am Kader vum nationale Konjunkturprogramm presentéiert goufen.

Bréissel
Plan de relance

La Belgique espère recevoir de l'Union européenne près de six milliards d'euros de subvention, qu'il injectera dans une centaine de projets. L'impact des différents projets en matière d'égalité de genre a été quantifié.

Digitalisatioun
Wirtschaft

93 Milliounen Euro huet Lëtzebuerg ze gutt: 20 Projete sollen domat co-finanzéiert ginn. Der Regierung no soll de ganz groussen Deel vun de Subsiden a Klimaschutz- an Digitaliséierungsprojete fléissen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen