Greco-Rapporten Greco-Grupp: Lëtzebuerg muss Retarden ophuelen

Guer keen, respektiv net genuch Fortschrëtter - dat ass d'Feststellung vum Greco, dem Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun innerhalb vum Conseil de l'Europe an zwee Rapporten iwwer d'Deontologiesreegeln bei der Chamber, fir d'Onofhängegkeet vun der Justice an dem Parquet, sou wéi den Deontologiesreegele fir Regierungsmemberen, héich Fonctionnäre bei der Police.

Michèle Sinner / cz

Greco-2
Foto: Eleuterio Alice

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren


De Greco stellt besonnesch der Chamber eng schlecht Zensur aus. D'Deputéiert wieren net prett, fir d'Lächer am deontologeschen Dispositif zouzemaachen. Dobäi geet et drëms, wéi soll iwwerwaacht ginn, datt hir Declarations d'intérêts richteg a komplett sinn. A wéi de Kontakt vun Deputéierte mat Lobbyisten och ausserhalb vum Parlamentsgebai ze reegelen an ze dokumentéieren ass.

De Greco mécht och der gréisster Oppositiounspartei der CSV zimmlech direkt Virwërf. E regrettéiert datt d'CSV bei der Verfassungsreform drop bestanen huet, datt de Justizministère soll Weisungsgewalt iwwer de Parquet halen. Am Rapport gëtt bedauert, datt de Conseil supérieur de la Justice nach op sech waarde léisst, un deem nei Reegele fir d'Promotioun vu Procureuren a Riichter hänkt.

De Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun stellt bei der Police eng ganz Rei Verbesserunge fest. Zum Beispill kloer Reegelen, wat d'Unhuele vu Kaddoen ugeet. An déi eenzegaarteg Identifikatiounsnummer fir d'Police-Agenten, fir datt d'Ëffentlechkeet weess, mat wiem se et ze dinn hunn. E begréisst och datt Enn d'lescht Joer nei Deontologiescodë fir Regierungsmemberen an héich Fonctionären ugeholl goufen. Och do gëtt et awer nach Verbesserungsbedarf. Dat gëllt ënner anerem fir d'Verëffentlechung vun den Avis vum Comité d'éthique an der Fro, wéi a wien Regierungsmembere sanktionéiert wa se géint hire Code verstoussen. Fir de Greco ass och bei der Exekutive d'Fro vun de Relatioune mat Lobbyisten a wéis des dokumentéiert ginn, net prezis genuch regléiert.

Méi zum Thema

Police Gare Lëtzebuerg 2
Gesellschaft

De Code gouf op Recommandatioun vum GRECO, dem Staate-Grupp vum Europarot géint Korruptioun, ausgeschafft. Den Deontologie-Code soll schonn existent Wäerter an der Police verstäerken an all d'Member vun der Police betreffen.

Euroschäiner
Deontologieskodex

E rezente GRECO-Rapport kënnt zum Schluss, datt den Deontologieskodex fir d'Ministere méi streng misst sinn. Dee Kodex gesäit ënner anerem fir, datt si all hir finanziell Interesse mussen deklaréieren.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen