Chronik Gratis oder ëmsoss

Dogéint kann een net wierklech eppes hunn. Mee wat d'Regierung ausser gutt Laun verbreeden domat wëllt erreechen, weess een och net, mengt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.

Michèle Sinner / cbi

Kommentar Michèle Sinner

An hirem Walprogramm hat d'DP 2018 de gratis ëffentlechen Transport verlaangt, fir méi Leit ze encouragéieren, mat Bus, Zuch an Tram ze fueren. Domat war bewisen, datt DP-Politiker den ëffentlechen Transport net benotzen. Hinne wier soss opgefall, datt d'Leit sech a villen Zich a Bussen drécke wéi d'Sardinnen an der Béchs, an datt ronderëm d'Chantieren op der Stater d'Gare antëschent souguer Foussgängerstau ass. Et feelt also net u Cliente fir den ëffentlechen Transport, mee um ëffentlechen Transport fir d'Leit, déi wëllen domat fueren.

Den Infrastrukturminister François Bausch weess dat, well hie sech selwer alt an den Tram dréckt fir op de Büro. Dofir huet hien d'lescht Woch léiwer betount, de gratis ëffentlechen Transport wier méi eng sozial Moossnam wéi eng mobilitéitspolitesch.

Et feelt u Courage

Dat kann awer just ee Verleegensheetsargument sinn. Well wann ee bedenkt, wéi laang d'Gewerkschafte scho fuerderen, datt de Steierbarème an d'Kannergeld endlech nees un d'Präisdeierecht ugepasst solle gi fir kleng a mëttel Akommes ze entlaaschten, an dës Koalitioun an der éischter Legislaturperiod um Chômage gegarrelt an d'Kannergeld gekierzt huet, wieren et a Saache Sozialpolitik sécher aner Prioritéite ginn, wéi den ëffentlechen Transport.

Et ass allerdéngs och net méi glafwierdeg vun Ëmweltmesuren ze schwätzen, obwuel et fir déi Lëtzebuerger Klimaziler wichteg wier, wa méi Leit den Auto géife stoe loossen. Mee an deem Punkt huet der Regierung de Courage gefeelt, dat ëmzesetzen, wat an hirem Koalitiounsaccord stoung. Nämlech, datt de gratis ëffentlechen Transport un eng Modifikatioun vun der Kilometerpauschal gekoppelt wier, déi ee vun de Steiere kann ofsetzen, an déi also den Individualverkéier um Wee op d'Schaff ënnerstëtzt.

D'Regierung wëllt et sech bei den Autosfuerer net verdierwen

Déi Iddi gouf mat där fir dëser Deeg ugekënnegter Hausse vun de Spritaccisen awer fale gelooss. Dat ass vläicht verständlech, wann een déi Leit net wëllt bestrofen, fir déi den ëffentlechen Transport keng Optioun ass. Beispillsweis déi, déi ausserhalb vun den normale Büroszäite schaffen. Oder déi, déi net de Privileeg hunn, esou no bei hirer Aarbecht ze wunnen, datt si kënnen zu Fouss goen oder de Vëlo huelen.

Vläicht wollt ee sech et awer och einfach net mat de Lëtzebuerger Automobiliste verdierwen, déi rosen si well d'Autostaxen duerch déi nei onverfälschten Ofgasnormen automatesch e Stéck an d'Luucht ginn. Bei där ganzer Opreegung ëm déi nei Normen hätt ee kënne mengen, zu Lëtzebuerg wier d'Recht op mindestens 150 PS an der Verfassung verankert. Dobäi muss elo mol just dee Knascht bezuelt ginn, dee wierklech hannen erauskënnt.

Eng besser Alternativ

Wann ee konsequent hätt wëlle sinn, ouni déi Leit ze penaliséieren, déi op den Auto ugewise sinn, hätt een d'Steieren op PS-staarke Gefierer kënnen drastesch an d'Luucht setzen. Dat wier gutt fir d'Staatskeess, gutt fir d'Loft an d'Klima, vläicht esouguer fir de Stau an och nach sozial selektiv derbäi.

Well wann Autofueren - a besonnesch déck Autoe fueren - net méi besteiert gëtt, kann de gratis ëffentlech Transport als sozial Mesure am Fong just eppes heeschen: Datt ee wëllt, datt déi aarm Leit de Bus huelen, fir datt déi Räich mat hire Karosse besser Plaz op der Strooss hunn.

Wann d'Zil net kloer ass, kann och ni gemooss ginn, ob de gratis ëffentlechen Transport e Succès ass oder net. Mee d'Regierung huet e Festival organiséiert, Wirschtercher verkaf an d'Auslandspress ass begeeschtert. Mol ofwaarden, ob d'Lëtzebuerger Musekszeen och d'Regierung feiert, wa bei der nächster Pensiounsreform d'Rente solle gekierzt ginn.

An der Mediathéik:

Chronik / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Dany Frank
Gratis ëffentlechen Transport

Ronn 540 Milliounen Euro wäert den ëffentlechen Transport de Staat an Zukunft pro Joer kaschten. Erhofft gëtt sech, datt an Zukunft manner Leit an den eegenen Auto klammen, sou d'Dany Frank vum Mobilitéitsministère.

LuxTram
Gratis Ëffentlechen Transport

Vun e Samschdeg u soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis sinn. D'Gratuitéit ass nëmmen ee Bausteen an der Strategie vum Transportministère, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ze fërderen.

RGTR-Versammlung
Ëffentlechen Transport

D'Reorganisatioun vum nationale Busreseau suergt bei de Bierger fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Op enger rezenter Informatiounsversammlung konnt mam Transportministère iwwer d'Verännerunge vum neie Busreseau diskutéiert ginn.

Marc Wengler
Ëffentlechen Transport

D'Zich vun den CFL waren d'lescht Joer méi dacks pénktlech wéi d'Joer virdrun. De Prozentsaz vun den Zich, déi keng Verspéidung haten, wier 2019 vun 89 op 90 Prozent geklommen, esou de Marc Wengler.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen