arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand-Duc adresséiert sech un d'Bevëlkerung

Coronavirus

|
reading time

1 min

Grand-Duc adresséiert sech un d'Bevëlkerung

D'Liewen zu Lëtzebuerg huet "misste gedrosselt ginn", seet de Grand-Duc Henri. D'Mesuren, déi ergraff goufen, wieren zanter Joerzéngten net geholl ginn. "Et sinn Decisiounen, déi ganz bestëmmt net einfach, awer immens wichteg a richteg sinn."

reading time

1 min

play_arrow Déi ganz Usproch vum Grand-Duc nach eng Kéier lauschteren

De Grand-Duc mécht Appell un d'Solidaritéit an u jiddwereen, fir d'Situatioun eescht ze huelen an d'Recommandatiounen ze suivéieren. De Virus wier "ganz geféierlech" fir vulnerabel Persounen, dofir misst een d'Verbreede vum Virus limitéieren.

"Jiddweree vun eis huet do eng grouss Verantwortung", seet de Grand-Duc. Et soll een dofir d'Hygiènesreegelen anhalen a sech deementspriechend verhalen. "Et ass e besonneschen Effort vun eisem Gesondheets- a Fleegepersonal gefuerdert a si leeschten eng aussergewéinlech Aarbecht."

De Grand-Duc dréckt hinnen säin "déifste Respekt" aus a seet Merci fir hir wäertvoll Aarbecht an hiren onermiddlechen Asaz. De Grand-Duc wier houfereg, datt esou vill Solidaritéit an der Bevëlkerung wier, besonnesch fir déi vulnerabel Leit ze schützen.

De Grand-Duc wier "mat ganzem Häerz" bei de Leit, "fir mat Iech zesummen duerch déi schwéier Zäit ze goen."