Launch GovSat-1
De GovSat-1 ass am Weltraum ukomm. 30 Joer nom éischte Lancement vum Lëtzebuerger Astra 1A-Satellit schwätzt d'Regierung elo vun engem neie Kapitel fir d'Land an der Weltraumindustrie. Vun den Oppositiounsparteie gëtt et scho Kritik. Wéi koum et zum Militärsatellit, wat bréngt e Lëtzebuerg a wéi huet sech de Lancement vum SES-Satellit a Florida ugefillt?
Haart, hell an impressionnant. Esou huet sech de Lancement vun der Space X Falcon 9 Rakéit mam SES Satellit uewendrop ugefillt. De Militär- a Kommunikatiounssatellit GovSat 1 soll an e puer Woche seng geostationär Positioun erreechen. 15 Joer laang soll en op senger Positioun bleiwen an dobäi héich geséchert Daten iwwer de Mëttleren Osten, Nordafrika an Europa un aner Nato Länner liwweren. D'Lëtzebuerger Regierung steet zënter e puer Joer ënner Drock, fir de Militärausgabe vun der Nato gerecht ze ginn. Dozou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.
"Fir d'Joer 2018 komme mir op en Defensebudget vu ronn 325 Milliounen Euro, dat mécht 0,52 Prozent vun eisem PIB aus. Also nach e Stéck ewech vun deenen 0,6 Prozent."
Wien d'Technologie, wéi ka benotzen, wier kloer definéiert, esou nach den Wirtschaftsminister. De Projet soll alles an allem 225 Milliounen Euro kaschten. Finanzéiert gëtt en zu enger Halschent vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES an zur anerer Halschent vum Lëtzebuerger Staat. Nieft der Erfëllung vun den NATO-Critèrë soll Lëtzebuerg mam Lancement vum GovSat 1 als Pionéier vun de Satellitte verankert ginn.
E Gewënn fir d'Wirtschaft?
Och d'Wirtschaft soll vum Projet profitéieren. Tëscht 2018 an 2033 soll de Satellit zwielef bis 14 Prozent vun de Käschten nees erabréngen. Dat andeems Frequenzen un aner Regierungen, Arméien, an Organisatioune verlount ginn. Den Etienne Schneider verréit, datt den Ament tëscht zéng a 15 Länner an der Pipeline sinn, fir Client op deem Satellit ze ginn.
"Déi waarden natierlech all bis e funktionéiert, ier si e konkrete Vertrag wäerten ofschléissen. Et gëtt eng kloer Demande. A mir sinn éischter an dem Gedanken, ob mir net en zweete Satellit sollen eropschéissen, well de Geschäftsmodell gutt funktionéiert."
Eng Beräicherung - net nëmme fir Lëtzebuerg
Beim Lancement vum Lëtzebuerger Satellit den 30. Januar sinn ënner anerem d'Ierfgroussherzoglech Koppel, de Premier Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, den Direkter vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES Michel Sabbagh an den Direkter vu LuxGovsat Patrick Biewer op Orlando komm. Mat Spannung huet de Xavier Bettel um Virowend vum Lancement vun engem neie Kapitel fir d'Lëtzebuerger Regierung an d'SES geschwat.
"An den 80er Joren hu mir d'SES matgegrënnt. Deemools hu vill Leit net dru gegleeft. Haut kenne mir alleguerten den Erfolleg vun der SES. An hei ass eng nei Etapp, wou mir d'Wëssen an d'Kompetenzen hunn a wou mir deenen Aneren d'Méiglechkeet ginn, fir mat eranzeklammen a vum Satellit kennen ze profitéieren."
Zesummenaarbecht mat amerikanescher Firma
De Satellit gouf mat enger Falcon 9 Rakéit vun der privater US Entreprise Space X vum Elon Musk an de Weltraum geschoss. Virun allem vun der European Space Agency (ESA) gouf et Kritiken, well Lëtzebuerg mat enger amerikanescher Firma zesummegeschafft huet. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet dës Kritiken net gëlle gelooss.
"Et muss en awer soen, datt d'SES, also Lëtzebuerg nach ëmmer deen déckste Client bei der ESA ass. Dofir si si net frou, wa mir bei een anere ginn, mä och net rosen. D'Agence Spaciale Européenne muss léieren, vill méi flexibel ze handelen an och vill méi innovativ a proaktiv z'agéieren."
Datt Lëtzebuerg mat Space X zesummeschafft hätt verschidde Grënn, esou de Patrick Biewer, Direkter vu LuxGovsat. D'Firma wier innovativ, bëlleg, zouverlässeg an et géif een hir vertrauen. Space X hätt de beschten Track Record an der Industrie, wann ee géif op d'Frequenz vun erfollegräiche Launche vun 2017 kucken.
Verzögerunge beim Lancement vun der Rakéit
Trotzdeem konnt de Lëtzebuerger SES-Satellit net wéi geplangt den 30. Januar starten. Grond dofir war dat schlecht Wieder a virun allem en technesche Problem vun der Space X Falcon 9 Rakéit. Dem Patrick Biewer no hätt dat awer kee wirtschaftlechen Impakt. Den Dag drop war den technesche Feeler behuewen. Sou konnt de Lëtzebuerger Militär- a Kommunikatiounsatellit den 31. Januar géint hallwer zéng owes - Lëtzebuerger Zäit - um Cape Canaveral a Florida mat der Space X Falcon 9 Rakéit eropgeschoss ginn.
Net nëmme Begeeschterung
D'Lëtzebuerger Delegatioun war begeeschtert. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider seet an engem Video, deen de Premier Xavier Bettel während dem Lancement gepost hat: "Kuck mol wat dat liicht, do kriss de d'Ae wéi. Wat soll d'Carole dozou soen, all déi Ofgasen, all déi Emissiounen". Nom Lancement war och den Ierfgroussherzog Guillaume houfreg.
"De Lancement war fir meng Fra a mech ganz privilegéiert. E Moment voller Emotiounen, och fir all déi Leit, déi jorelaang mat un dem Projet geschafft hunn. Et war wichteg fir eis, hinnen déi Unerkennung ze ginn."
Et wier och bal eng Famillentraditioun, well säi Papp an den 80er Jore beim Start vum éischten SES Satellit dobäi war, sou den Ierfgroussherzog. Mä net jiddereen ass mat der Militärpolitik vun der Regierung zefridden. Nom Lancement gouf et Kritik vun der Kommunistescher Partei, déi de Govsat1 Satellit als Deel vun der aggressiver Rüstungspolitik vun der NATO gesäit. déi Lenk hu sech an enger parlamentarescher Ufro fir d'Firma Orbital ATK interesséiert. D'Firma, déi de Satellit gebaut huet, steet op der schwaarzer Lëscht vum Fonds de compensation. Si gehéiert zu deene Firmen, an déi de Fong aus ethesche Grënn net dierf investéieren. Orbital ATK ass aktiv am Beräich vun atomarer Rüstung am Déngscht vun der US Arméi. Am Mäerz soll de Govsat1 operationell sinn a fir kommerziell Zwecker kënne genotzt ginn.