Ekonomie Globale Wirtschaftswuesstum hëlt of
De globale Wirtschaftswuesstum ass am Gaangen ofzehuelen. D'Analyste si sech eens. Besonnesch déi stäerkst Ekonomië wäerten déi nächst Jore manner wuessen. De Wuesstumszyklus aus de leschte Jore wier geschwënn eriwwer. Wat sinn d'Zeechen an d'Ursaachen dovun? A wéi grouss ass de Risiko vun enger weltwäiter Rezessioun?
No der Kris vun 2007-2008 koum déi ekonomesch Reprise nëmme lues a lues, mee de Wuesstum, an de leschten zéng Joer wier konsequent gewiescht, seet de Yves Nosbusch, Chief Economist bei BGL BNP Paribas.
Besonnesch an Amerika an an Europa hätt déi reell Croissance iwwer der Croissance potentielle geleeën. "Dat heescht, wou en fait de Chômage substantiell erofgaangen ass, an Amerika an an Europa. Dat heescht, mir haten elo eng ganz gutt Period."
Manner gutt sinn awer elo d'Previsioune fir deen nächsten Zyklus, wou en Ofbremse vum globale Wirtschaftswuesstum sech annoncéiert. Als Zeechen dofir kucken d'Ekonomiste virop op d'USA, déi nach ëmmer de globale Wirtschaftsmotor undreiwen, mee wou d'Dynamik ofhëlt. Dëst Joer soll d'amerikanesch Wirtschaft nëmmen nach ronn zwee Prozent wuessen, an d'nächst Joer annerhallwe Prozent, sou d'Previsiounen. Déi rezent Zënshaussen, déi d'Federal Reserve decidéiert huet, wieren eng vun den Ursaachen, seet de Jean-François Jacquet, Chief Investment Officer bei KBL.
Ekonomesch Situatioun a China changéiert
Mee och déi expansiv Fiskalpolitik vum US-amerikanesche President Donald Trump wier mëttlerweil un hir Limitte komm. De Fakt, datt d'Demokraten am Representantenhaus an d'Republikaner am Senat d'Soen hunn, géif et immens schwéier maachen nei Mesuren ze huelen, fir zum Beispill d'Steieren erofzesetzen oder d'Depensen eropzesetzen.
Och China, déi zweetgréisst - a geschwënn - wuel déi gréisst Ekonomie, wiisst méi lues. Ee Grond wier den Handelskrich mat den USA, sou de Jean-François Jacquet.
Virun allem awer wier a China eng ekonomesch Transitioun am Gaangen. D'Land géif lues a lues fortkomme vun enger Wirtschaft, déi virun allem op ëffentlechen Depensë baséiert, an hin zu enger Wirtschaft, déi op déi privat Consommatioun, op d'Entreprenariat. Dat géif déi chinesesch Vollekswirtschaft momentan ënner e gewëssen Drock setzen.
Verschidde potentiell Risikoquellen
Och fir Eurozon gëtt mat manner Wirtschaftswuesstum gerechent - ronn annerhallwe Prozent dëst Joer, an 1,2 Prozent d'nächst Joer. Virun allem politesch Onsécherheete wieren de Grond dofir, sou de Jean-François Jacquet. Wa grouss Investitiounen no hanne geréckelt oder souguer annuléiert géife ginn, dann hätt dat negativ Auswierkungen op den europäesche Wuesstum.
E Risk fir Europa bleift d'Méiglechkeet vun engem Handelskonflikt mat den USA. Et ass zum Beispill net auszeschléissen, datt Amerika awer nach Taxen op europäesch Autoe kéint decidéieren.
Veschidden Ekonomisten gesinn och e Risk an enger Iwwerbewäertung vun Aktien. De Finanz-Redakter vun Die Welt Franz Stocker, huet drop higewisen: An den USA wier zanter Joerzéngten eng grouss Diskrepanz tëschent dem privat Verméigen ze erkennen, déi vill méi gewuess wiere wéi déi real Wirtschaft. Dat kéint, Analysten no, op eng Blos hiweisen, déi platzen, an nach méi eng grouss Kris ausléise kéint, wéi déi amerikanesch Immobilie-Blos 2007.
Rezessioun net imminent
De Jean-François Jacquet vun der KBL bemierkt, wéinst niddregen Zënsen hätte vill Betriber vill Scholde gemaach. Wann d'Zënse weider klammen - an an Europa gëtt eng Zënshausse nom Summer erwaart - da kéint et Problemer gi fir déi Scholden zeréckzebezuelen. An deem Kontext wier op de Bourssen och schonn eng Revalorisatioun oder Korrektur geschitt - um Enn vum leschte Joer waren d'Boursse staark gefall. An d'Investisseure sinn elo méi virsiichteg.
De Risiko vun enger imminenter globaler Rezessioun gouf an der Lescht ëmmer nees an de Medien thematiséiert. Mat der Fro, wéini déi da kënnt. Sou wuel den Yves Nosbusch, vu BGL BNP Paribas wéi och de Jean-François Jacquet vu KBL ginn dovunner aus, datt d'Weltwirtschaft 2019 méi lues wäert dréinen, mee héchstwahrscheinlech net an eng Rezessioun géif falen.