EU-STEIERPOLITIK Globale Mindest-Steiersaz: Blockage gëtt méi schwéier
D'Propos vum amerikanesche President Joe Biden iwwer ee globale Mindest-Steiersaz fir international Konzerner bréngt Beweegung an den Dossier. Et wäert an Zukunft méi schwéier sinn, fir kleng europäesch Länner an deem Dossier ze bremsen, sou d'Aschätzung vun Observateuren.
An der Tëschenzäit huet den amerikanesche President seng Propose zwar no ënne revidéiert. Trotzdeem besteet keen Zweiwel drun, datt den Joe Biden de Steen nees nei un d'Rulle bruecht huet.
Ee globale Mindest-Taux fir d'Besteierung vu groussen Entreprisen, dee Projet gëtt et an der Europäescher Unioun zanter zéng Joer. E stécht awer fest, well verschidde Länner, dorënner Lëtzebuerg blockéieren.
Accord op internationalem Niveau net méi onméiglech
Elo awer huet déi amerikaneschen Avance d'Hoffnungen an der EU, datt ee sech effektiv am Juli op OECD-Niveau iwwer en globale Steiersystem kéint eens ginn, méi grouss gemaach.
Zwar schwätzt den Joe Biden elo net méi vun enger Mindest-Steier vun 21, mee vu 16 Prozent. Trotzdeem ass de Nicola Poitiers, vum Think Tank Bruegel, iwwerzeegt, datt sech eppes beweegt. An och, datt et fir verschidde Länner méi schwéier gëtt, mam Fouss op der Brems ze stoen:
"Steierpolitik ass nach ëmmer eng national Kompetenz an an der EU ginn d'Decisiounen a l'Unanimitéit geholl. Dowéinst kann een d'Länner och net forcéieren, hire Steiermodell ze änneren. Déi, déi profitéieren, pochen drop, eng international Léisung ze fannen. Si hunn ëmmer op d'OECD verwisen, well si wossten, datt d'USA do géife blockéieren. Elo wou dat net méi esou ass, kënne sech kleng Länner et net méi leeschten, weider ze blockéieren, well et soss ouni si gemaach géif. Dowéinst ass dat heiten een Duerchbroch."
Zousätzlech Steier-Recettë géife gebraucht
Mee och d'Kris, déi duerch d'Pandemie ausgeléist gouf, dréit verschiddenen Observateuren no dozou bäi, datt d'Stëmmung sech ännert. D'Länner sinn op déi Steieren ugewisen, déi do verluer ginn, seet de Paul Tang, hollännesche Sozialdemokrat a President vun der Spezial-Kommissioun iwwer Steierfroen am Europaparlament:
"D'Iwwerleeunge sinn haut anescht wéi a fréiere Krisen, wou ee virun allem bei den ëffentlechen Depense aspuere wollt. Elo gëtt iwwerluecht, datt Investitioune gebraucht gi fir eng nohalteg Relance. Do brauch ee Steier-Recetten. Do imposéiert et sech grouss Entreprisen ze besteieren, déi bis elo net hiren Deel bezuelt hunn. Et ass also de Moment, fir ee méi faire System opzebauen a bei der Steier-Evasioun haart duerchzegräifen."
Am Europaparlament gëtt et awer och aner Stëmmen, déi vum iresche Liberale Billy Kelleher zum Beispill. Hie verweist, wéi och fréier an där Diskussioun op de Faite, datt Steierfroen d'Saach vun de Natiounen an net vun der EU ass:
"Wa mer op dee Wee ginn, ënnerwandere mer d'Konzept vun der Souveränitéit, vun der Subsidiaritéit, wou d'Länner iwwer hir Steierfroen decidéieren. Do hunn ech Bedenken. Bei engem Mindest-Steiersaz géif d'EU an net d'Länner den Taux fixéieren. An dat geet dann direkt an d'Häerz vun deem, wou mer an Europa stinn."
Stëmmungswiessel an Holland?
Déi Bedenke gëtt et och an Holland, seet dorop de Paul Tang - dat wier dat am gaange sech ze änneren, fënnt den hollännesche Sozialdemokrat: "An Holland ännert sech d'Situatioun. Et si sech ëmmer méi Leit bewosst, datt mir ee Steierparadies sinn."
An zu Lëtzebuerg? De Finanzminister Pierre Gramegna gëtt sech den Ament bewosst kooperativ. Eng Léisung fir Steier-Reegelen op OECD-Niveau war jo och ëmmer dat, wat Lëtzebuerg gefrot hat.
Gramegna: Lëtzebuerg kéint domat liewen
Lëtzebuerg wier dofir, datt eng Minimalsteier géif kommen, sot den DP-Politiker Enn Abrëll an der Chamber. Souguer déi Uganks diskutéiert 21 Prozent, déi den Joe Biden an d'Spill bruecht hat, hunn hien net aus der Rou bruecht:
"Wann dat den neie Minimum gëtt, ma da gëtt dat de neie Minimum. An dann hu mir dat, wat mir am meeschte brauchen. De level playing field. Déi selwecht Spillreegele fir jiddwereen. An dat mécht eis Liewe vill méi einfach. An ech si confiant, datt mat deenen neie Reegelen, mat engem Level Playing Field, Lëtzebuerg sech gutt wäert schloen."
Villes hänkt vum politesche Wëlle vun e puer Länner of
Et wäert awer nach daueren, bis déi nei Reegelen um Dësch leien. D'Diskussioune sinn och un déi iwwer eng Digital-Steier geknäppt - déi jo och nach net do ass.
Do wier nach vill ze verhandelen, seet den Nicolas Poitiers vum Think Tank Bruegel. Villes géif vum politesche Wëlle vu verschiddene Natiounen ofhänken:
"Jidderee seet elo dat bis am Summer eppes geschéie soll. D'USA, Däitschland a Frankräich sinn hei déi, déi d'Saach virundreiwen. D'Fro ass op si wierklech Drock maachen, fir datt eppes geschitt. Oder ob si sech domat zefridde ginn, eng Reunioun op héijem Niveau z'organiséieren, wou si soen - ah mir hunn esou vill Fortschrëtter gemaach."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.