Vulkanausbroch am Kongo Gléck am Ongléck

De rezenten Ausbroch vum Nyiragongo an der Demokratescher Republik Kongo hätt kënne katastrophal Konsequenzen hunn, seet den Nicolas d'Oreye, dee sech zënter méi wéi 15 Joer intensiv mat deem Vulkan beschäftegt.

Maurice Molitor / cz

Nicolas d'Oreye

Grond dofir wier d'Waasser vum Kivu-Séi direkt niewendrun, an deem grouss Quantitéite vun CO2 gebonne sinn. Duerch d'Beweegung vum Magma ënnert dem Buedem hätt ënner Ëmstänn kënnen eng Reaktioun entstoen, déi de Vulkanfuerscher aus dem Seismologeschen Zenter zu Walfer sou beschreift.

"Le problème c'est que si on a une perturbation extérieure qui prend une couche d'eau qui est en profondeur, donc à très haute pression, où les bulles sont maintenues d'une façon microscopique par la pression ... si on ramène cette couche d'eau proche de la surface, les bulles vont grossir en une fois et vont, par flottaison, sortir. Et le risque c'est ce qu'on appelle une éruption limnique, c'est-à-dire que la quantité de gaz qui est piégée dans l'eau va s'échapper complètement, et comme ces gaz - le CO2 et le méthane - vont prendre la place de l'oxygène qui est dans l'ait, ça peut potentiellement asphyxier tous les habitants qui sont sur les terres les plus basses autout du lac Kivu."

Am schlëmmsten a gläichzäiteg onwahrscheinlechsten Zenario hätten doduerch Millioune Mënschen hiert Liewe verléiere kënnen. An trotzdeem misst ee sech och op esou onwarscheinlech Zenarioe virbereeden - ebe wéinst de potientell ganz groussen Auswierkungen déi dës kéinten hunn.

Momentan kee groussen Ausbrochrisiko méi

Am Moment kéint een de Risiko vun engem weideren Ausbroch vum Vulkan Nyiragongo an der Demokratescher Republik Kongo ausschléissen, seet den Nicolas d'Oreye. Hie beschäftegt sech zënter méi wéi 15 Joer intensiv mat deem Vulkan - vu Lëtzebuerg aus, dacks och op der Plaz. Direkt no der rezenter Eruptioun Enn Mee war hien op Goma gefuer. Hien ass elo zënter e puer Deeg zréck, a beschreift d'Situatioun op der Plaz esou.

"Il Aujourd'hui l'éruption peut être considérée comme terminée. C'est à dire toute la phase effusive qui a duré quelques heures s'est arrêtée. Mais elle a été suivie pendant plusieurs jours d'une sismicité extrêmement intense qui a été ressentie par la population : plusieurs séismes par minute. Cette sismicité était accompagnée de déformations du sol extrêmement importantes : plusieurs dizaines de centimètres et même un écartement de plus d'un mètre trente dans la ville de Goma. Et ça c'était lié à une intrusion de magma sous la ville de Goma qui a duré pendant plusieurs jours."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Temples.jpg
Psychedelic Rock

E psychedelesche Vulkan dee mysteschen an héich ästhetesche Sound späizt. "Volcano" ass den zweete Longplayer vun Temples. Trotz méi poppegen Arrangementer, bleiwen d'Brite sech selwer trei.

Mac De Marco
Album vun der Woch

Dem Mac DeMarco säin drëtten Album begeeschtert duerch ee Sound, deen net stéiert, awer den Nerv vun der Zäit trëfft. En Album vun engem jonken alen Hues, deen d'Nolauschterer a seng Musek awéckelt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen