Mobilitéit Ewech vun der "Tonn Blech"

Viru ronn zéng Joer ass de Verkéiersverbond gegrënnt ginn. Zanterhier wier a Saache Mobilitéit vill geschitt, seet de laangjäregen Direkter Gilles Dostert. D'Demande fir mat Zuch a Bus ze fuere géif erop goen, d'Offer och. Trotzdem ass nach onkloer ob d'Regierungszil, datt bis 2020 ee Véirel vun allen Deplacementer iwwert den ëffentleche Verkéier leeft, erreecht gëtt. Kloer ass fir de Gilles Dostert: Den Auto soll ëmmer manner Deel vun der Léisung sinn.

Christiane Kleer / po

Gilles Dostert.jpg

75 Prozent motoriséierten Individualverkéier, 25 Prozent ëffentlechen Transport. Dat ass d'Zil, wat schonn déi viregt Regierung sech fir 2020 gesat hat. Stéchwuert: modal split. Et ass awer schwéier ze moossen, ob Lëtzebuerg och wierklech um Wee ass, dat Zil ze erreechen. Kloer Zuelen ginn et net. Dofir wier eng gréisser Enquête néideg bei där all Menagen, mee och Frontaliere géifen iwwer hir Gewunnechte befrot ginn.

Allerdéngs ass et dem Gilles Dostert no och esou evident, datt an de leschten zéng Joer Beweegung an den Dossier Mobilitéit komm ass. "Mir hunn iwwert d'Mobilitéitszentral en Abléck an d'Zuele vum Verkaf vun den Ticketen, doru gesi mir, datt d'Demande eropgeet. D'Offer ass och eropgaang, zum Beispill duerch déi grenziwwerschreidend Busser fir op Tréier oder Diddenuewen. Déi bréngen all Dag bis zu 5000 Frontalieren iwwer d'Grenz", seet de Gilles Dostert.

34 Stonnen am Stau

Mee: Der Indrix Traffic Scorecard no hätt een Autosfuerer d’läscht Joer 34 Stonnen am Stau verluer, 2013 wieren et der 32 gewiescht. Méi Zäit géif ee just an der Belsch, Holland an Däitschland verléieren. Dat ass aus deem europawäiten Ranking erauszeliesen. Den Direkter vum Verkéiersverbond gëtt och zou, datt d'Stauen nach ëmmer e Problem sinn. Dat géif ënner anerem doru leien, datt vill Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, wäit ewech vun hirer Aarbechtsplaz wunnen. Lëtzebuerg wier eben eng "Wirtschaftsregioun, déi vill Leit unzitt".

D'Leit misste verstoen, datt et keng Léisung ka sinn all Dag mam Auto op d'Aarbecht ze fueren an dann "eng Tonn Blech néng Stonne virun der Aarbecht stoen ze loossen", sou de Gilles Dostert: "D'Leit musse sech all Dag froen, wat fir eng Mobilitéit fir si déi Bescht ass. Grad wéi si sech froen, wat se haut sollen iessen".

Zu Spëtzenzäiten sinn och Bussen an Zich dacks iwwerfëllt. D'Politik misst dann deelweis nach "eng Schëpp nolëen" an méi an d'Infrastrukturen an an d'Offer investéieren. Doriwwer eraus gesäit de Gilles Dostert och vill Potenzial an enger méi grousser Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten. Et misst sech un de Modell Télétravail "erugetraut" ginn. Och Satellittebüroe kéinten eng Léisung sinn, fir de verhënneren, datt Salariéë wäit Strecke musse fuere fir schaffen ze goen. Anerersäits misst och de Logement an deene Géigenden nach méi dicht gi wou vill Aarbechtsplaze sinn. 

Tram: "ganz staark Verbesserung"

De Gilles Dostert ass iwwerzeegt, datt den Tram, dee vun 2017 un soll fueren, d'Situatioun op de Stroossen wäert "ganz staark verbesseren". Deemno géifen verschidde Bussen zum Beispill bannent der Stad manner Verspéidung kréien. "Dat gëllt ënner anerem fir d'Linn 215 vu Käerjeng an d'Linn 205 vu Monnerech. Déi fueren de Moment vill duerch d'Stad a bauen do enorm Retarden op. Dat dréint alles op d'Kopp an dat ass och fir de Client e Problem. Soubal den Tram fiert, kann dat sech änneren", sou de Gilles Dostert. Hien geet dovun aus, datt den Arrêt ënnert der rouder Bréck och wäert d'Stater Gare entlaaschten, well d'Zich déi aus dem Süde kommen dann einfach kënnen duerchfueren.

D'Wirtschaft wiisst, d'Bevëlkerung och, den Drock op d'Mobilitéit hëlt also tendenziell zou. De Gilles Dostert seet dozou: "Mir brauchen eng Entkopplung tëscht Wirtschaftswuesstem a Mobilitéit. Et muss verstan ginn, datt dat net onbedéngt zesummenhänkt". Wichteg wier hei eng kohärent Landesplanung an zousätzlech "douce Mobilitéit". Dat heescht, zum Beispill, datt de Vëlo och fir länger Strecken soll benotzt ginn. 

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Christiane Kleer
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen