arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaften iwwer Télétravail: "Regierung muss aktiv ginn"

Télétravail a Grenzgänger

|
reading time

2 min

Gewerkschaften iwwer Télétravail: "Regierung muss aktiv ginn"

D'Frontaliere kéinte méi dacks vun doheem aus schaffe wann déi europäesch Reglementer an déi bilateral Accorde mat den dräi Nopeschlänner kéinten harmoniséiert ginn. Wéi vill Deeg ee Frontalier iwwer den Télétravail dierf schaffen, ouni mussen am Residenzland besteiert ze ginn, gëtt a bilateralen Accorde festgehalen. Fir Däitschland gëllen 19 Deeg, fir Frankräich sinn et der 29 a fir d'Belsch ginn et aktuell Diskussiounen iwwert ee Maximum vun 69 Deeg. Dat wier allerdéngs méi ewéi 25 Prozent vun de gesamte Schaffdeeg. Engem europäesche Reglement no, missten d'Frontalieren dann hir sozial Versécherung an hirem Residenzland bezuelen. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB warnen do virdrun.

reading time

2 min

Den Télétravail wier eng Méiglechkeet fir d'Mobilitéitsproblemer ze reduzéieren. Fir Grenzgänger, déi dacks wäit ze fueren hunn, wier dat eng Léisung fir d'Privatliewen a Beruff besser ënnert een Hutt ze bréngen, soe souwuel d'Politik an d'Gewerkschaften.

D'Aleba hat an engem rezente Communiqué präziséiert, datt d'Zuel u Schaffdeeg fir belsch Grenzgänger, vu 24 ewéi bis elo op 69 Deeg soll eropgoen. Déi Verhandlunge wieren nach net ofgeschloss. D'Aleba wier frou wann deen Dossier viru gedriwwe géif ginn, seet de Generalsekretär vum Bankesyndikat.

"Regele mussen harmoniséiert ginn"

Et ginn aktuell Diskussiounen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg fir d'Zuel u Schaffdeeg erop ze setzen, déi ee Frontalier iwwer den Télétravail ze gutt hätt, ouni datt hie seng Steieren oder d'Sozialversécherung an der Belsch muss bezuelen.

Tëscht Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland an der Belsch ginn et dräi verschidde bilateral Accorden. D'Zuel un Deeg déi ee vun doheem aus iwwert Télétravail kéint schaffen si jee no Land verschidden. An Däitschland sinn et 19 Deeg a Frankräich 29 an an der Belsch 24.

Dat misst harmoniséiert ginn, seet den Jean-Claude Bernardini vum OGBL. D'Sozialpartner zu Lëtzebuerg misste ganz konkret doriwwer verhandelen.

Um fiskale Plang ginn et bilateral Accorden, déi festleeën datt d'Salariéen zu Lëtzebuerg hir Steiere bezuelen, soulaang net méi Deeg vun doheem aus schaffen ewéi dat wat am Accord festgeluecht gouf, esou de Christophe Knebeler vum LCGB.

Gewerkschaften: "Regierung muss op zwee Niveauen aktiv ginn"

Fir eng Harmoniséierung vun de Regelen ze erméigleche wat d'Deeg, d'Besteierung an déi sozial Versécherung ugeet, misst een op zwou Plazen handelen, esou de Christophe Knebeler vum LCGB.

D'Regierung misst déi néideg Efforte maache fir d'Besteierung mat den Nopeschlänner ze harmoniséieren. Op engem weideren Niveau misst d'Lëtzebuerger Regierung zu Bréissel Drock maachen, fir datt dat europäescht Reglement esou gestalt gëtt, datt Frontalieren och méi wéi 25 Prozent vun hirer Joresaarbechtszäit op Télétravail kënnen zeréckgräifen, an trotzdeem net an déi däitsch, franséisch oder belsch Securité Sociale géifen "eriwwer rutschen", sou de Christophe Knebeler.

Den Télétravail kéint vill Salariée concernéieren. A Frankräich huet eng Etüd erginn, datt 16,7 Prozent vun de Fransousen op mannst een Dag an der Woch iwwert den Télétravail schaffen. Ronn 70 Prozent vun hinne schaffen da vun doheem aus.