Et misst ee sécherstellen, datt d'Employéen eng Aarbecht kéinte behalen. D'Fro wier, wéi eng Plaze géife verluer goen a wou neier kéinten entstoen. D'Gewerkschafte fuerdere finanziell Verbesserunge fir déi dausende Beschäftegt am Assurancë-Secteur. Hei géifen et extrem gutt Zuele ginn, ënnersträicht d'Véronique Eischen vum OGBL-Syndikat Banken an Assurancen.
D'ACA géif dës Chifferen ze negativ duerstellen. D'Produktivitéit am Assurancë-Secteur wier extrem héich. Déi Beschäftegt hätten also een Deel vum Kuch ze gutt, seet d'Véronique Eischen. D'ACA, de Patroantsverband vun den Assurance- a Réassurance-Gesellschaften, wollt op Nofro hin näischt zum Inhalt vun de Kollektivvertragsverhandlunge soen, déi zënter e Méindeg lafen.
Dem OGBL no soll vu Januar un am Rhythmus vu 14 Deeg bis Enn Mäerz oder Ufank Abrëll viru verhandelt ginn. Et ass nach net sécher, ob den neien Assurancë-Kollektivvertrag erëm fir dräi Joer wäert gëllen.