Däitschland Gewalt op Rieder
Obwuel am Corona-Joer 2020 däitlech manner Leit mat der däitscher Bunn gefuer si wéi gewinnt, huet d'Gewalt géint d'Personal zougeholl. Datt d'Mataarbechter vun der Deutsche Bahn Aufgabe wéi d'Kontroll vun der Maskeflicht iwwerholl hunn, dierft dobäi eng wesentlech Roll gespillt hunn.
Genau 2.070 Gewaltdelikter huet déi däitsch Bundespolice am leschte Joer géint Schaffner vun der Deutsche Bahn registréiert. Dat ass e Véierel méi wéi nach am Joer virdrun, a ronn 800 Delikter méi wéi nach virun dräi Joer. Dat ass aus enger Ufro vun der däitscher Lénkspartei am Bundestag ervirgaang.
D'Zuele vun Attacken op Bahn-Personal si besonnesch dowéinst iwwerraschend, well d'Passagéierzuele bei der Bunn am leschte Joer wéinst der Pandemie extrem erofgaange sinn. Annerhallef Milliard Passagéier huet d'Deutsche Bahn 2020 transportéiert. An den zwielef Méint virdru war et bal eng Milliard méi.
Dat ass och net verwonnerlech: Eng gewëssen Zäit sinn d'Zich just ganz limitéiert gefuer, och elo dierfen d'Zich am Fernverkéier nach net vollstänneg ausgelaascht sinn. D'Fro ass awer: Wéi kann et sinn, datt d'Gewaltdelikter ëm 25 Prozent zougeholl hunn, wa just nach zwee Drëttel vun de Leit an den Zich souzen?
Trend huet scho viru Corona ugefaangen
Eng Erklärung, besonnesch fir déi staark Hausse am leschte Joer, gesinn déi däitsch Lénk bei den zousätzlechen Aufgabe vum Personal an der Coronapandemie. An allen Zich vun der Deutsche Bahn gelt jo eng Maskepflicht - an déi muss schliisslech och kontrolléiert, an am Fall wou, duerchgesat ginn. Et hätt een de Schaffner an der Kris de facto Police-Aufgabe ginn, sot d'Lénken-Deputéiert Sabine Zimmermann der dpa. Si géifen domat d'Laascht vun ëffentlechen Aufgaben droen, obwuel si guer keng Beamte wieren.
Op där anerer Säit géifen d'Zuelen aus dem vergaangene Joer en Trend confirméieren, dee schonn zënter e puer Joer unhält. Zenter 2018 huet déi däitsch Police ëmmer méi Delikter festgestallt. Bei de Schaffner hält et iwwerdeems net op mat der Gewalt, och géint Bahn-Personal an de Garen, wéi Tickets-Verkeefer a Sécherheetspersonal, hellt d'Gewalt zou. Et gesäit esou aus, wéi wann deen Trend dëst Joer wäert weidergoen: An den éischte 4 Méint vum Joer gouf et schonn nees ronn 750 Delikter - wann et esou weidergeet, gëtt den traurege Rekord vun 2020 direkt nees gebrach.
Jo, den Trend huet viru Corona schonn ugefaangen - mee d'Maskepflicht huet en weider ugefeiert. Et ass en Trend iwwregens, deen och an aneren europäesche Länner observéiert gouf - besonnesch a Frankräich hunn d'Aggressioune géint Bus- an Zuchpersonal staark zougeholl.
D'Deutsche Bahn huet ugekënnegt, op déi ugespaante Stëmmung, déi oft an den Zich herrscht, wëllen ze reagéieren. D'Mataarbechter sollen Training kréien an der Mediatioun an an der Sträitbewältegung. Et freet ee sech just, ob dat wierklech d'Aufgab vun de Schaffner, an net vun de Passagéier, sollt sinn.