Chronik Gewalt géint Fraen: déi franséisch Politik an der Kritik
An der franséischer Politik suerge Mëssbrauchsfäll fir Opreegung. Eleng dëse Mount sinn dowéinst zwee Kandidate vun de Parlamentswalen zeréckgetruedenen: De Mëttwoch de Jérôme Peyrat, Kandidat vum Emmanuel Macron senger Partei La Republique en Marche - an eng Woch virdrun den Taha Bouhafs, Kandidat vun der lénker France Insoumise. Virun de Legislativwalen den 12. a 19. Juni gëtt iwwer sexuell Gewalt an der Politik gestridden.

D'Gläichberechtegung tëscht Männer a Fraen huet de President Emmanuel Macron als seng Grande Cause du Quinquennat ernannt.
Trotzdeem huet de Staatschef fir déi legislativ Walen e Kandidat beruff, dee fir violence conjugale condamnéiert ginn ass. De Jérôme Peyrat - fréiere Beroder vum Jacques Chirac an Nicolas Sarkozy - huet 2019 seng Ex-Fra geschloen a gewiergt.
Ma dem Emmanuel Macron seng Partei La République en Marche wollt sech de Feeler net agestoen. Amplaz huet den Délégué Général vun der Partei um Radio France Info behaapt, datt de Jérôme Peyrat en "éierleche Mann" wier an datt hie sech dem "Jugement des Électeurs" stelle wäert.
Den Interview huet direkt e shitstorm ausgeléist, wouropshin de Kandidat e puer Stonnen drop selwer zeréckgetrueden ass.
Geriichtlech bestätegt Urteeler hunn net ëmmer Konsequenzen
An der franséischer Politik kënnt dat dacks vir. D'Vergewaltegungs-Affär vum Sozialist Dominique Strauss-Kahn am Joer 2011 war deemools en enorme Skandal. Zanter deem huet sech trotzdeem net immens vill verännert: Ënnert dem Emmanuel Macron sinn zum Beispill de fréieren Ëmweltminister Nicolas Hulot an den aktuellen Inneminister Gérald Darmanin wéinst Vergewaltegung accuséiert ginn.
Accuséiert, net condamnéiert. De President huet sech an deene Fäll ëmmer op d'Présomption d'innocence beruff. Dat nämmlecht gëllt awer net fir de Jérome Payrat, deen d'Geriicht zu Angoulême schëlleg gesprach huet. Dat suggeréiert, datt souguer wann e Fall juristesch bestätegt ass, de Politiker kaum Konsequenze fäerte muss - jiddwerfalls net direkt.
Selbstverständlech hunn och aner Parteie presuméiert Vergewalteger an hire Reie setzen. Dat bescht Beispill ass de riets-extreme Kandidat Éric Zemmour, deen trotz Accusatiounen net zerécktrëtt.
D'Gläichberechtegung bleift wuel op der Streck
Och bei der lénker France Insoumise huet de Kandidat Taha Bouhafs virun enger Woch mussen zerécktrieden. D'Kandidatur vum 25 Joer ale Franco-Algerier gouf op Grond vu sengem Aktivismus zanter senger Investitur kontrovers diskutéiert. Nodeems zwou Fraen hien och fir sexuelle Mëssbrauch accuséiert hunn, stoung déi lénk Partei medial ënner Beschoss. Am lénke Bündnis kandidéiere vill Feministinnen, déi sech zu de Virwërf net geäussert hunn, obwuel se Bescheed woussten.
Juristesch gesinn ass den Taha Bouhafs nach net schëlleg gesprach. Och hei gëllt d'Onscholdsvermutung, déi fir d'Justiz ee vun den Haapt-Pilieren ass. Allerdéngs solle Politiker fir d'Gesellschaft och exemplaresch sinn - virun allem d'Deputéierten, déi an der Assemblée Nationale iwwert d'Gesetzer ofstëmmen.
Op d'Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter wierklech dem Emmanuel Macron seng Grande Cause du Quinquennat gëtt, ass ze bezweifelen. Soulaang d'Politik haaptsächlech vu Männer gemaach gëtt, wäerten d'Mëssbrauchsfäll bannent de Parteien net genuch sanktionéiert ginn - an dat trëfft och op lénk Parteien zou.