arrow_back_ios
100komma7.lu
Nom Tornado am Süde vu Lëtzebu
|"Ech sinn do op d'Welt komm"
D'Rubrik "Invité vum Dag" kënnt haut net aus dem Studio um Kierchbierg, mee vu Péiteng. Et geet ëm den Tornado vum leschte Freideg a seng Konsequenzen. De Maurice Molitor ass de Méindeg am fréien Owend op Péiteng an en Hotel gefuer, an deem Leit en Ënnerdaach fonnt hunn, deenen den Daach iwwer dem Kapp fortgeflunn ass. Hien huet mat e puer vun hinne geschwat, virop awer och mam Patron vum Hotel, deen e puer Affer vum Tornado bei sech opgeholl huet.