4 Oppositions formelles Cannabis doheem: Justizministère schafft un Amendementer

Nom kriteschen Avis vum Staatsrot zum Projet fir den Ubau vu bis zu véier Cannabisplanzen, schafft de Justizministère de Moment un den néidegen Amendementer. De President vun der Chamberjustizkommissioun Charles Margue hofft, datt dësen Text nach virun de Chamberwale ka gestëmmt ginn. Dat wier d'"Ambitioun vun der Koalitioun", seet de grénge Politiker.

Serge Kesseler / cz

Illustratioun Cannabis doheem
Foto: Bigstock / Gerain0812

Lauschteren


De Staatsrot hat virun enger Woch véier formell Oppositioune formuléiert, ënner anerem beim Aspekt vum Jugendschutz. Am Avis gouf och gewarnt, datt d'Gesetz fir Kriticke kéint suergen, wéinst enger méiglecher Net-Konformitéit mam internationale Recht. De Charles Margue weist drop hin, datt et op dësem Punkt keng formell Oppositioun gëtt. "... An déi aner Opposition formellen, dat sinn der véier, déi sinn ze léisen".

De Justizministère schafft de Moment un den néidegen Amendementer, esou de President vun der Justizkommissioun.

"Mir hu kloer net dekriminaliséiert um Niveau vum Konsum bei deene Jonken, och net bei der Detentioun."

Komplett Legaliséierung net méi virun de Walen

Trotz der Warnung vum Staatsrot, datt d'Gesetz net konform mam internationale Recht kéint sinn, rechent de Charles Margue op dësem Punkt net méi mat Changementer um Text.

Dësen "ganz beschränkte Gesetz-Projet" fir de Konsum an d'Produktioun vu Cannabis doheem, wier elo op de leschten 100 Meter, esou de grénge Politiker. Fir déi zweet Phas vun der Cannabis-Legaliséierung géif - senger Meenung no - d'Zäit virun de Wale knapp ginn. Dobäi geet et ëm e Projet vum Gesondheetsministère mat Reegele fir d'Produktioun, d'Distributioun an de Verkaf vu Cannabis.

Méi zum Thema

Paulette Lenert
Santé publique

Déi etappeweis Legaliséierung vum Cannabis soll 2023 op hir lescht Ligne droite goen. Ob dat bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod awer nach finaliséiert ka ginn, kann d'Gesondheetsministesch awer net garantéieren.

Paulette Lenert
Produktioun a Verkaf vu Cannabis

Et kënnt Schwong an d'Diskussioun ëm eng staatlech kontrolléiert Produktioun an Distributioun fir medezineschem an duerno och rekreative Cannabis. Zil wier et fir nach d'nächst Joer e Projet de loi fir de rekreative Cannabis an der Chamber ze deposéieren.

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
Drogepolitik

Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Cannabis
Drogepolitik

UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung ënnersträicht: de Konsum vu Cannabis géif eis Gesondheetssystemer belaaschten. De Carlos Paulos gesäit dat anescht: et géife méi Facteure matspillen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen