Lëtzebuerger Medielandschaft Gesetzprojet fir den 100,7 gëtt dëst Joer an der Chamber deposéiert
De Projet fir een eegent Gesetz fir den ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 soll nach dëst Joer deposéiert ginn, sou de Premier-, Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel gëschter Dënschdeg an der Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun. An der Consultatiounsdebatt iwwer déi ëffentlech-rechtlech Medienoffer Mëtt Juli, war dëse Projet fir dësen Hierscht annoncéiert ginn.
No der Chamber-Consultatiounsdebatt iwwert déi ëffentlech-rechtlech Medienoffer Mëtt Juli dëst Joer, huet de Xavier Bettel d'Deputéierten aus der zoustänneger Chamberkommissioun de Mëtteg iwwert de Suivi informéiert.
De Xavier Bettel hätt annoncéiert, datt am geplangte Gesetz soll verankert ginn, datt den 100,7-Programm ee Programm mat vill Aktualitéit a Kultur soll sinn, an datt et keng Redevance fir d'Nolauschterer soll ginn, sou d'Diane Adehm no der Sitzung vun der Chamberkommissioun. De Xavier Bettel hätt den Deputéierte gëschter och zougesot, datt de Radio virun all Joer eng Dotatioun vum Staat soll kréien a kee kommerzielle Sender soll ginn.
De Xavier Bettel proposéiert weider, datt d'Zivilgesellschaft een zousätzleche Member vum 100,7-Verwaltungsrot soll stellen, an et soll e staatleche Vertrieder manner ginn, schreift d'Chamber op hirem Internetsite.
Den 100,7-Conseil selwer soll an Zukunft d'Kandidate proposéieren, an net méi de Ministère.
Et wier sech z'erwaarden, datt et an Zukunft eng "koherent Gouvernance" beim ëffentlech-rechtleche Radiosender wäert ginn, esou am 100,7-Interview den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Donieft soll et eng méi grouss Sécherheet bei der Finanzéierung kommen.
Medieminister: Eventuell méi Mëttele fir RTL-Tëlee
D'Finanzéierungskonventioune vum Staat mam 100,7 a mat RTL Tëlee sollen an Zukunft fir méi e laangen Zäitraum lafen, esou den Deputéierte Sven Clement, iwwer d'Ukënnegungen vum Xavier Bettel.
De Medieminister huet erkläert, datt zu Lëtzebuerg nach "Loft no uewen" wier, wat d'Finanzéierung vun RTL-Tëlee ugeet, sou de Sven Clement. De Piratendeputéierten hätt bei där Iddi "Bauchwéi" a plädéiert dofir en ëffentlech-rechtlech Tëleessender ze schafen "an net ee Privat-Betrib weider ze subventionéieren".
D'Chamber schreift dozou op hirem Internetsite:
"La chaîne télévisée RTL était le deuxième grand volet de l'intervention du Ministre Xavier Bettel sur les services publics dans les médias. La convention entre CLT-Ufa et l'Etat portant sur la prestation du service public luxembourgeois dans le domaine audiovisuel était signée en 2017 pour une durée de trois ans, de 2021 à 2023. Elle prévoit que l'Etat prend en charge le déficit résultant du financement du programme de télévision à hauteur de maximum 10 millions d'euros. Le Ministre des Communications et Médias Xavier Bettel a expliqué que le groupe audiovisuel demande une durée plus longue pour une prochaine convention avec l'Etat et il a demandé aux députés de se positionner. Si le gouvernement devait s'engager pour une durée plus longue, il exigerait des garanties également de la part de CLT-Ufa, en ce qui concerne les activités à Luxembourg. Par ailleurs, Xavier Bettel est revenu sur les grandes difficultés du moment dans le secteur de la publicité. Après 2023, 10 millions de l'Etat ne devraient pas suffire pour combler les déficits."