Medezinesche Cannabis Gesetzesprojet: "Paradox a restriktiv"

Am Avis vum Collège Médical, deen dem radio 100,7 virläit, geet vun engem Paradox Rieds. D'Wierkung vum medezinesche Cannabis wier limitéiert. Op där anerer Säit wieren am geplangte Gesetz ze streng Reegele virgesinn. Zum Beispill dierft dëse Cannabis nëmme vu spezialiséierten Doktere verschriwwe ginn. De President vum Collège Médical, den Dokter Pit Buchler, schwätzt vun "immense Restriktiounen". Medezinesche Cannabis wier kee Wonnermëttel.

Serge Kesseler / cz

Exklusiv Cannabis Medezin
Foto: Bigstock / El Roi

Cannabis fir medezinesch Zwecker soll och zu Lëtzebuerg legaliséiert ginn. Dat hat d'Regierung Enn Oktober 2017 ugekënnegt. Ufank vun dësem Joer hat de Gesondheetsministère den Text vum Gesetzesprojet fir een Avis un de Collège Médical geschéckt.

De Collège ass net dogéint, datt de medezinesche Cannabis soll kënnen applizéiert ginn. Déi deementspriechend Gesetzes-Initiativ vum Ministère géif begréisst ginn, heescht et am Avis, deen dem radio 100,7 virläit.

Paradox a restriktiv

Den aktuellen Text vum Projet fir d'Legaliséierung wier awer e wéineg paradox a restriktiv, esou de President vum Collège Médical, den Dokter Pit Buchler.

Nëmme verschidden Dokteren dierften deemno Cannabis verschreiwen, an dat och just, wa si eng zousätzlech Formatioun gemaacht hunn. Dat wier dem Dokter Buchler no een iwwerdriwwenen Opwand, fir eng Substanz kënnen ze gebrauchen, déi schlussendlech just komplementar géif gebraucht ginn.

Fir all déi Symptomer, fir déi medezinesche Cannabis soll autoriséiert ginn, géifen et schonn effikass Medikamenter ginn, sou de Collège Médical a sengem Avis. Dëse Cannabis wier also kee Wonnermëttel, esou de Pit Buchler.

Tëscht Liberaliséierung a Virsiicht

Déi gesellschaftlech Stëmmung géif zu engem Deel a Richtung Liberalisatioun tendéieren. Op där anerer Säit hätt d'Politik awer eventuell Angscht fir ze wäit ze goen. Den aktuelle Gesetzesprojet a senger restriktiver Formulatioun géif dësen Androck verstäerken. De Gesetzprojet géif awer virgesinn, datt déi streng Mesuren no zwee Joer sollen iwwerduecht an eventuell ugepasst ginn.

Déi medezinesch Applikatioun vu Cannabis kann d'Péng an d'Leed vu Patiente reduzéieren, bei deenen aner Behandlungen net méi géife gräifen, hat d'Gesondheetsministerin am November gesot.

De Gesetzesprojet fir d'Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ass nach net an der Chamber deposéiert ginn.

Bäitrag lauschteren

Integralen Interview mam Pit Buchler

Méi zum Thema

Medizinesche Cannabis
Cannamedica

Déi nei Asbl Cannamedica begréisst d'Iddi vun engem Pilotprojet, fir Cannabis ze legaliséieren. D'Regierung misst allerdéngs méi wäit goen an e legale Kader fir d'Notzung vu Cannabis als Therapiemëttel schafen.

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz
legale Cannabis

Fir géint d'organiséiert Kriminalitéit virzegoen, wëllt de Kanada Marihuana vum éischte Juli 2018 u legaliséieren. Een onrealisteschen Zäitplang, soe Kritiker. D'praktesch Ëmsetzung wier nach net gekläert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen