Klimaschutz Geplangt Klimaschutzgesetz: -55 Prozent Emissiounen?

D'blo-rout-gréng Regierung wëllt hir Klimaziler an engem Gesetz festschreiwen a sech eng Prozedur ginn, wéi déi Ziler sollen erreecht ginn. Mam geplangte Klimaschutzgesetz sollen d'CO2-Emissiounen a fënnef verschiddene Secteure reduzéiert ginn. Dat geet aus dem entspriechenden Avant-projet de loi ervir, deen eis virläit.

Françoise Keller / cz

Illustratioun Artikel Klimaschutzgesetz
Foto: Bigstock / duangdaw

De Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschteren


Viséiert wier de Secteur vun der Industrie am Beräich Energie, Manufaktur an der Konstruktioun. Mee och den Transportsecteur, d'Gebaier, d'Land- an d'Forstwirtschaft an den Traitement vun Offall an Ofwaasser. Konkret quantitativ Ziler sollen allerdéngs net am Klimaschutzgesetz selwer, mee an engem groussherzogleche Reglement festgehale ginn. Dat fir eng éischt Period bis 2030.

D'Emissioune solle vum Akraafttriede vum Gesetz u linear erofgoen, heescht et am Avant-projet de loi. Déi zoustänneg Ministèrë fir déi eenzel Secteure sollen déi néideg Donnéeë liwweren. Een interministerielle Comité soll dann all Joer ee Bilan zeien. Wann d'Reduktiouns-Ziler an engem Secteur net erreecht géife ginn, soll den Iwwerschoss un CO2-Emissiounen iwwer déi Joren dono vum erlaabte Seuil ofgezu ginn. Wann e puer Secteuren hir Ziler net géifen erreechen, soll no Récksprooch mam interministerielle Comité am Regierungsot ee Programm mat dréngende Moossnamen opgesat ginn.

Net am Text: Keng konkret Emissiounsreduktiounsziler

Donieft wier dem geplangte Gesetz no eng sougenannt "Klima Plattform" virgesinn - ee berodend Organ vu maximal 20 Memberen, déi vum Klima- a vum Energieminister genannt ginn. D'Plattform soll ënner anerem Avisen iwwer déi konkret Klimaschutzmesuren aus dem nationale Klimaplang ofginn a seng Ëmsetzung begleeden.

E weideren neie Gremium ass de geplangten "Klima Observatoire" - aacht onofhängeg a kompetent Persounen, déi d'Regierung iwwer méiglech Moossname berode sollen.

Aus dem Text, deen eis virläit, geet iwwerdeems net kloer ervir, ob d'Emissioune generell hei am Land bis 2030 ëm op d'mannst 50 oder 55 Prozent am Verglach mat 2005 solle reduzéiert ginn. Bis 2050 soll Lëtzebuerg CO2-neutral ginn. Een Zil, dat och am Koalitiounsaccord steet a fir dat och déi aner EU-Memberstaate sech am Kader vum Paräisser Klimaaccord engagéieren.

Klimaschutzmesurë sollen a reegelméissegen Ofstänn decidéiert ginn

D'Klimaschutzgesetz definéiert deemno, wéi d'Regierung d'Anhale vun de Klimaziler wëllt garantéieren. D'Klimaschutzmesurë selwer gi separat a reegelméissegen Ofstänn decidéiert.

Eisen Informatiounen no, huet de Regierungsrot sech am Juli eng éischte Kéier mam Avant-projet de loi fir d'Kliamschutzgesetz beschäftegt, mee zu deem Ament nach kee Konsens fonnt. Den Text gouf dës Woch an enger Entrevue tëschent den dräi Majoritéitsfraktiounen diskutéiert.

Méi zum Thema

Depot Budget
Staatsbudget 2020

Bei hirem Projet fir de Staatsbudget 2020 setzt d'Regierung op d'Prioritéiten Ëmwelt- a Klimaschutz an aner ëffentlech Investissementer. D'Investissementer sollen op iwwer 2,8 Milliarden Euro klammen.

Klimakonferenz Bonn 2019
Klima-Konferenz zu Bonn

Zu Bonn gouf d'Weltklimakonferenz am Dezember a Chile preparéiert. 196 Länner hunn un der Konferenz deelgeholl. Op der Konferenz gouf analyséiert, wéi de Paräisser Accord soll ëmgesat ginn.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Ob räich oder aarm, an egal wou op der Welt, all Mënschen deelen eppes: si erliewen eng dramatesch Ännerung vun de Wieder- a Klimaconditiounen. E puer Iwwerleeunge vun der Simone Beck.

Agrikultur
Europäesch Agrarpolitik

Bis d'nächst Joer wëllt d'EU-Kommissioun hir Reformpläng fir d'Agrarpolitik no 2020 duerchbréngen. Hei si Budgetskierzunge virgesinn, anerersäits awer och méi Oploen a Saache Klima- an Ëmweltschutz.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen