Urgence Geolokalisatioun un den 112 weiderschécken

An Zukunft soll bei Noutriff iwwer Handy d'Geolokalisatioun automatesch un den 112 mat geschéckt ginn. Dat gesäit een entspriechende Gesetzesprojet vir, deen eng europäesch Direktiv ëmsetze soll. Doduerch soll d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter ënner anerem méi séier a méi prezis ginn, hofft de CGDIS.

Françoise Keller / cbi

SAMU
Foto: CGDIS

De Bäitrag vum Françoise Keller lauschteren


De System funktionéiert den Ament just bei zwee Betribssystemer, nämlech bei IOS an Android. Geschate 85 Prozent vun den Handye géifen awer mat deene Betribssystemer funktionéieren, seet de Christopher Schuh, Chef vun der operationeller Conduite beim CGDIS.

Méi séier d'Adress erausfannen

Et hätt een also potentiell 85 Prozent vun den Noutriff iwwer Handy geolokaliséiert, "wat eis am Alldag eng grouss Plus value wäert bréngen", seet de Christopher Schuh, "well notamment bei Verkéiersaccidenter mir d'Adress oder d'Lokalisatioun vill méi schnell hunn, wéi mir et haut hunn."

Hien hofft, datt och aner Betribssystemer dee Standard iwwerhuele wäerten. Bis dohinner hätt den 112 awer och d'Méiglechkeet fir iwwer ee Link, deen de Betraffene geschéckt kritt, seng Lokalisatioun erauszefannen. Allerdéngs just, wann eng Internetconnectioun besteet.

D'Lokalisatioun einfach iwwerdroen

Den Ament wier esou eng automatesch Geolokalisatioun hei am Land just méiglech bei engem Noutruff iwwer déi staatlech Applikatioun GouvAlert. Zum Beispill bei enger Persoun, déi sech am Bësch blesséiert oder verluer huet, esou de Christopher Schuh. Contraire zu dem geplangte System muss den Notzer vu GouvAlert awer déi entspriechend App eroflueden a gebrauchen.

An Zukunft misst ee just an engem Telefonsreseau sinn, an zwar net forcement vu sengem Provider, seet de Christopher Schuh:

"Dat heescht, wann ee Client ass bei engem Reseau A, an et huet een ebe keen Netz, kann een awer probéieren den 112 unzeruffen. Wann op där Plaz een anere Reseau ass vun engem Konkurrent, da geet den 112 Noutruff iwwer all Netzer an en ass jo och gratis."

D'Donnéeë solle bannent 24 Stonne gehale ginn. Et géif ee sech hei un änleche Reegelen aus dem Ausland orientéieren. Déi automatesch Geolokalisatioun bei Noutriff wäert iwwerdeems un den 112 weidergoen, och wann d'Lokalisatiounsfunktioun um Handy ausgeschalt ass. Dat géifen d'Betribssystemer elo scho virgesinn, esou nach de Christopher Schuh vum CGDIS.

Méi zum Thema

Den nei Ambulanze vum CGDIS
Verkéiersaccidenter

22 Mënschen hunn 2019 hiert Liewen op de Stroosse verluer: en historesch niddregen Niveau. De François Bausch schwätzt vun enger gudder Nouvelle, d'AVR hofft, datt ee bei enger niddreger Zuel bleift.

Paul Schroeder
CGDIS

Spéitstens vum nächsten 1. Mee u wäert de Rettungs-Helikopter vun der Air Rescue de SAMU verstäerken. Dee géif dat fënneft Standbeen vum Service fir dréngend medezinesch Hëllef ginn, sou de CGDIS-Direkter Paul Schroeder.

CGDIS 2
Ee Joer CGDIS: e Besuch am CIS Esch

De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) feiert säin éischte Gebuertsdag. Virun engem Joer ass d'Reform am Rettungswiesen ugelaf. De Maurice Molitor war am Asaz-Zenter zu Esch.

Paul SCHROEDER
Reform vun de Rettungsdéngschter

Deen neien CGDIS, den nationale Corps vun de Rettungsdéngschter, denkt driwwer no fir e weidere SAMU unzeschafen. Dëse soll am ganze Land agesat ginn, seet de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen