Groussregioun Geografesch Ongerechtegkeet

D'Gouvernance vun der Groussregioun muss un déi wirtschaftlech a virun allem och un déi sozial Realitéiten ugepasst ginn, seet d'Estelle Evrad, Geografin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg. Dofir bräicht ee politesche Wëllen.

Mick Entringer / cbi

Estelle Evrard
D'Estelle Evrard ass Geografin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg.

De Sommet vun der Groussregioun, deen haut zu Rëmerschen ofgehale gëtt, kéint a misst deementspriechend Akzenter setzen, an dozou bäidroen, fir datt d'Groussregioun besser funktionéiert - um Niveau vun der Mobilitéit a bei soziale Froen.

Et wier eng supraregional Demarche néideg, déi iwwer dat Interregionaalt erausgeet. Besonnesch och fir déi Problemer ze léisen, déi duerch déi staark Unzéiung vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an der Grenzregioun entsteet an Ongerechtegkeete schafen.

"Et geet prezis ëm raimlech Gerechtegkeet (justice spatiale). Well et kënnt de Moment wou esou e groussen en Desequiliber entsteet, datt een déi aner Säit vun der Grenz vun Ongerechtegkeet an Ongläichheet schwätzt. An do geet et net just ëm Zuelen, mee ëm individuell Perceptioune vun de Bierger a vun de Politiker."

Eng supraregional Léisung

Den Impakt vun dëse regionalen Ongerechtegkeete géif ee staark spieren, besonnesch wann een op déi aner Säit vun der Grenz géif goen. "Et gëtt e groussen Drock op déi ëffentlech Servicer, op d'Kapassitéit vun de Gemenge fir de groussen Ongläichheeten ze begéingen, wat déi lokal Entwécklung ugeet."

Et géife vill Initiativen entstoen, mee et misst een d'Problematik um Niveau vun der Groussregioun ugoen. Déi politesch Gouvernance misst heivir awer gestäerkt ginn. Eréischt da kéint een en Equiliber hierstellen, fir datt et eng Win-Win-Situatioun fir jidderee gëtt.

Op d'Fro hin, ob an der Groussregioun d'Suen net besser verdeelt misste ginn, zum Beispill d'Recetten, déi Lëtzebuerg iwwer d'Steieren erakritt, äntwert d'Estelle Evrard: "Mir sinn haut mat enger Urgence konfrontéiert. [...] Mir mussen eis mat deene Sujeten auserneesetzen. Mir sinn an engem Raum, wou ee vun deem Aneren ofhänkt." Dës Ofhängegkeete misst een zesumme geréieren, esou datt jidderee Gewënner ass, mengt d'Geografin.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Groussregioun
Zesummenaarbecht an der Groussregioun

De Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun huet seng Recommandatioune fir eng besser Zesummenaarbecht presentéiert. Et wier wichteg, datt d'Ënnerscheeder an der Groussregioun net méi grouss ginn.

D'Universitéit vun der Groussregioun offréiert Studenten fir sechs Universitéiten a véier verschiddene Länner ze besichen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen