Krich a Syrien "Genfer Friddensgespréicher relancéieren"

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn condamnéiert d'Attacken op Zivilisten an der syrescher Stad Duma vu leschter Woch. Hien hofft, datt et bei dëser eenzeger Militärinterventioun bleift. Eigentlech hätt esou eng Operatioun missten am Kader vun enger Resolutioun am Weltsécherheetsrot decidéiert ginn, ënnersträicht de Jean Asselborn.

Interview Carole Schimmer / cz

Jean Asselborn
Jean Asselborn (Foto: Archiv)

Wann eng Resolutioun iwwer eng méi laang Zäit net méiglech wier, kéint een awer net endlos nokucke wa Gëftgas ugewannt géif ginn, seet de Jean Asselborn. Hien hofft elo datt d'Friddensgespréicher zu Genf erëm relancéiert kënne ginn.

Wat den Asaz vu Gëftgas zu Duma ugeet, géife sech aktuell zwou Versioune géintiwwerstoen, seet de Jean Asselborn. Frankräich, Groussbritannien an d'USA maachen de syresche President Bashar Al-Assad fir d'Gëftgasattack verantwortlech. Russland behaapt, britesch Geheimdéngschter hätte Rebellen zu der Gasattack ugestiwwelt. De Jean Asselborn fënnt déi russesch Versioun "e bësse komesch", Gas géif normalerweis aus der Loft agesat ginn. Déi verschidde Rebellegruppen a Syrien hätten awer weder Fligeren, nach Helikopteren - anescht wéi déi syresch Arméi. Fir de Jean Asselborn steet dofir fest, datt just de Bashar Al-Assad fir d'Gasattack op Duma verantwortlech kéint sinn.

De Jean Asselborn bedauert, datt d'Attack vu Frankräich, Groussbritannien an den USA geschitt ass, virun deem d'Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen hir Enquête konnt ufänken, déi fir de Samschdeg, 14. Abrëll virgesi war.

De Militärkonflikt a Syrien wär duerch dës Aktioun awer net gestoppt, seet de Jean Asselborn. Et misst een elo nees séier iwwer den diplomatesche Wee no Léisunge sichen. Dat géif fir Europa, d'USA a fir Russland gëllen.

De Krich a Syrien dauert elo scho ronn siwe Joer. 350.000 Mënsche si bis ewell am Konflikt ëm d'Liewe komm, ronn zwielef Millioune Syrer sinn op der Flucht.


Den Interview mam Ausseminister Jean Asselborn vum 14. Abrëll 2018:

Lauschteren


Méi zum Thema

Philip Crowther Analys
Auslandschronik

An den USA gëtt et keng kloer Aussoen zum Thema vun der Gëftgasattack a Syrien. Tëscht Twitter-Messagen an den offizielle Messagen aus der Regierung ass vill Sputt.

Donald Trump
Donald Trump

Eng Rakéitenattack géint Syrien schéngt nëmmen nach eng Saach vun der Zäit. Déi alliéiert Natioune sichen nach no konkrete Beweiser. Den Donald Trump huet säin nächst Manöver op Twitter annoncéiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen