Corona-Kris Generelle Confinement gëtt opgehuewen
Fir den 11. Mee gi sozial Kontakter erëm erlaabt, huet de Xavier Bettel annoncéiert: et dierf ee bis zu sechs Leit bei sech doheem invitéieren. Vill Commercë ginn erëm op, mee net de Restauratiouns-Secteur.
D'Zuele vun den Neiinfektiounen a vun den Hospitalisatioune wiere stabel, an et kéint een an eng nächst Phas kommen, seet de Xavier Bettel. Bis dohi missten d'Leit awer weider disziplinéiert bleiwen. "Eist Land huet et bis elo gepackt", seet de Staatsminister.
Déi verschidde Mesuren, wéi zum Beispill d'Droe vum Mundschutz, hätt dozou bäigedroen, datt een an dës nei Phas komme kéint. "Wa mer haut virun Iech stinn, dann ass et, well jiddweree sech senger Verantwortung bewosst war."
Sozial Kontakter erëm méiglech
De Prinzip vum generelle Confinement gëtt fir den 11. Mee opgehuewen, annoncéiert de Xavier Bettel. Sozial Kontakter mat anere Leit wieren dann erëm méiglech: Besuch gëtt erlaabt, mat engem Maximum vu sechs Leit. Et wier "dat Bescht", wann et ëmmer déi selwecht Leit wieren, mee dat kéint een net kontrolléieren, seet de Xavier Bettel. Och dobausse kënne Leit sech erëm gesinn, mam Respekt vun den zwee Meter Distanz, mat engem Maximum vun 20 Leit.
D'Commercë ginn erëm fir den 11. Mee op, mat e puer Ausnamen, zum Beispill Fitnessstudioen, Kinoen, also iwwerall do, wou vill Leit zesummekommen. Beim Commerce wäerten och nei Standarde gëllen, seet de Xavier Bettel. Weider Detailer wäerten am Laf vun der Woch annoncéiert ginn. Och Coiffere wäerten erëm opgoen, mee just op Rendez-vous.
E Mëttwoch wäerten déi genee Konditiounen annoncéiert ginn, ënner wéi enge Konditiounen d'Commercen erëm kënnen opmaachen. Ee wichtege Krittär wier de Social distancing, mee och d'Droe vum Mundschutz an de Commercë wäert wichteg ginn.
Kulturinstitutioune wäerten och erëm opgoen, mat der Konditioun, datt et keng Rassemblementer ginn. Als Beispill nennt de Xavier Bettel d'Bibliothéiken, den CNA, oder Drive-in Kino.
1. Juni: Eventuelle Stéchdatum fir d'Restauratioun
Net betraff vun den neie Lockerungen ass d'HORESCA. "Mir sinn eis bewosst, datt et ganz schwéier fir dee Secteur ass." Sollten d'Zuele stëmmen, da géif een eng Ouverture vu Restaurante fir den 1. Juni envisagéieren.
D'Awunner iwwer 16 Joer wäerte 50 weider Maske kréien, seet de Xavier Bettel. Et wéilt een och un d'Frontaliere Maske verdeelen.