Fräie Mikro Generatioun Cactus
50-järeger si genee esou al wéi de Cactus. D'Pascale Junker, Ëmwelt- a Klimaekonomistin, huet 20 Joer an der Lëtzebuerger Kooperatioun geschafft a stellt sech d'Fro, wat déi Generatioun geschafft huet.
D'Generatioun vun den 50-Järegen, spëtzt d'Oueren, et geet ëm Iech. Mir sinn déi, déi nach sou just eng Welt kannt hunn, virun der Grousser Acceleratioun, wéi se genannt gëtt.
Déi, déi nach wëssen, wéi et war, bal keen Auto op der Strooss ze gesinn, eng déck Kusch Schnéi am Wanter ze hunn, dee leie blouf, am Summer d'Grillen ze héieren an d'Fënster vum Auto voller Mécken ze hunn. Déi owes an der Famill eng Schmier giess hunn, déi d'Kleeder vun de Geschwëster oder de Cousinen ugedoe (kritt) hunn.
Déi net woussten, wat eng Schivakanz ass, an nach ni an engem Fliger souzen. Déi kee Computer kannt hunn an eng Stonn mat der Frëndin um Telefon houngen oder Bréiwer geschriwwen hunn. Déi an de Kino gaange sinn, deen neiste Film kucken. Déi an de Gaart Äerdbier plécke gaange sinn, a Ram an d'Duerf an d'Epicerie siche gaange sinn.
D'Consommatioun ass an d'Luucht gaangen
An dono ass et lassgaangen: d'Generatioun Cactus huet sech a Beweegung gesat. All eis Consommatiounen hu sech an deene leschte 50 Joer verféier- bis verfënneffacht. Ugefaange mat den Deplacementer, spréch Auto, Moto, Fliger oder Schëff. Dono d'Kommunikatioun an den Divertissement, spréch Tëlee, Computer, Handy, Social media, Netflix.
D'Schmier ass zur Pizza ginn, d'Äerdbier zur Ananas, dee krazege Pullover vun der Cousine zu fënnef Wegwerf-Pullover vun H&M. De Stroum-, de Matière-, de Waasser- oder den Düngerverbrauch huet d'Rad geschloen.
En héije Präis
Méiglech war déi "Evolutioun" wéinst der bëlleger fossiller Energie. Sie huet eise Liewensniveau, eis Salairen, eise Verbrauch vun pëtrolderivéierte Produiten, déi mer virdrun deels net gebraucht hunn, erhéicht. D'Fleesch ass haut méi bëlleg wéi viru 50 Joer, Iesse kritt een nogeheit.
De Präis, dee mer bezuelen? E lokal a global desastréisen Impakt ob d'Ëmwelt, eis Liewensbasis. Et ass e Spigelbild: wat d'Verbrauchscourben déi eng Säit erop ginn, sou ginn d'Emissiouns- an d'Ressourcë-Reservecourben déi aner Säit erof. Logesch.
D'Zuele schwätze fir sech
Ech erspueren Iech de Katalog. Nëmmen eng frappant Donnée, déi fir all déi aner steet: d'Mënschheet huet sech eng Technosphär opgebaut, d'Land an d'Ëmwelt amenagéiert fir säin ausschliisslecht Wuelbefannen. Ganzer 4.000 Tonne Material pro Kapp vun transforméierter Äerd. De Purdy deeft eis dowéinst zur Infrastructure spezies. Och do stécht Lëtzebuerg ervir, mat sengen 12 Tonne Bauschutt pro Joer pro Kapp, wou mer net wësse wouhin domat.
Déi Zuele soen eis, wei eng Welt ouni bëlleg Energie wäert ausgesinn. D'Pëtrolskris an de 70er, d'Finanzkris 2008 an de COVID 2020 ginn eis eng Moss, wou mer mussen hin, wann mer eppes vum Klima an de Ressourcë wëllen iwwreg loosse fir déi nächst Generatiounen.
Back to basics
Eigentlech ass et net wou mer mussen hin: mer si scho matten dran: de PIB, déi faméis Croissance, ass zu Lëtzebuerg zanter 34 Joer réckleefeg. Hal mech un, Generatioun Cactus. Hu mer dann op Pomp sou gutt gelieft?
Lëtzebuerg hat säi Pic PIB 1986: ganzer 10 Prozent Wuesstum. Ni méi dono si mer an de Cyclen sou héich komm. 2007 hate mer nach stolzer aacht Prozent. Haut kripse mer bei 2,3 Prozent PIB d'Joer.
Generatioun Cactus, du hues nach net versot. Et gëllt elo ze decidéieren, wat maache mat den zwee Prozent, déi bleiwen. Villäicht se notze fir aus dem Enkpass eng Transitioun a kee Crash ze maachen? Well, no der Braderie, back to basics: de wierkleche Räichtum vu Land a Leit sinn de Buedem, d'Waasser an ugepasst Planzematerial a Wëssen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.