Handwierkssecteur Gemëschte Bilan fir d'Regierungspolitik

De Generalsekretär vun der "Fédération des artisans" begréisst déi vun der Regierung geplangten 90 Milliounen Euro Finanzhëllefe fir Kleng- a Mëttelbetriber. De Romain Schmit vermësst awer eng anstänneg Orientatioun fir d'Schüler. Do géif den zoustännege Minister net genuch maachen. Iwwerdeems fërdert den Handwierkssecteur d'Weiderbildung duerch seng eege Kompetenzzenteren.

Mick Entringer / fk

Romain Schmit
Romain Schmit

"Eleng dëst Joer si schonn 1.400 Leit duerch d'Kompetenzzentere vum Handwierkssecteur geschleist ginn", seet de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, Romain Schmit. Déi zwee Formatiounszentere fir Technik um Bau an de Parachèvement bitt Weiderbildung fir eng 30 Beruffer un. Dräi weider Zentere si geplangt an de Beräicher: Automobil, Alimentatioun an Digitaliséierung.

"E Kompetenzzenter ass keng 'Ersatzschoul', mä 'Formation professionelle continue'"

Mat dësen Zentere géif e Secteur sech selwer an der Situatioun hëllefen, wou e wier. D'Politik misst awer Jalone setzen, wéi si déi ëffentlech Schoul ausriicht, fuerdert de Romain Schmit.

Besonnesch déi professionell Orientatioun géif ëmmer nach ze wënschen iwwreg loossen. D'Zil ass et, datt déi Jonk no hirer Ausbildung beschäftegungsfäheg sinn, an datt d'Betriber eppes mat deene Jonke kënnen ufänken. Wat den Educatiounsminister an deem Beräich aktuell géif maachen, géif net duergoen, seet de Romain Schmit.

Freed iwwer staatlech Subventiounen

Luef gëtt et fir d'Wirtschaftspolitik vun der Regierung. De Pak u staatleche Finanzhëllefe fir Kleng- a Mëttelbetriber hätt den Handwierkssecteur iwwerrascht. D'Hëllefen, déi d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, d'Francine Closener, d'lescht Woch presentéiert huet, wären zimlech séier komm.

Eng vun de Moossname gesäit vir, datt bei Risiko-Finanzéierunge vu PMEen de Staat als zweete Bierg bis zu 80 Prozent vun der Perte kann iwwerhuelen. Aktuell kënnen Investitiounen an Acquisitiounen am Secteur iwwert déi eege Secteur-Mutualitéit garantéiert ginn. Déi géif aktuell iwwer 200 Milliounen Euro garantéieren, seet de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Bei engem gréisseren Ausfall vun engem Betrib kéint awer de ganze System kippen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Cap Vert
Kooperatioun

Jonk Kapverdianer sollen zu Lëtzebuerg forméiert ginn, fir sech an hirer Heemecht kënnen en eegent Liewen opzebauen. Dofir ginn d'Demarchë fir d'Openthaltsgenehmegungen an d'Visae staark vereinfacht.

Isabelle Schlesser
Aarbechtsmaart

Well d'Zuel vun den indemniséierte Chômeuren erof gaangen ass, hätt eng Baisse vun der staatlecher Dotatioun vum Beschäftegungsfong keng negativ Konsequenzen, mengt d'ADEM-Direktesch Isabelle Schlesser.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen