Gemengewahlen 2017 "Jidderee muss hëllefen"

Den CSV-President Marc Spautz hat am Mäerz zejoert all d'CSV-Mandatairen opgeruff, fir bei de Gemengewahle ze kandidéieren. D’Europadeputéiert an eng Rei Chamber-Deputéiert kommen dem Opruff net no.

Pia Oppel / Rick Mertens / Christiane Kleer

Zeimet Spautz
Den CSV-Generalsekretär Laurent Zeiment (lénks) an den CSV-President Marc Spautz (Archiv-Foto)

Déi dräi Europadeputéiert vun der CSV ginn am Oktober net mat an d’Gemengewahlen: De Georges Bach an de Frank Engel hunn eis op Nofro hi confirméiert, datt si net kandidéieren. Och d’Viviane Reding stellt sech eisen Informatiounen no net op.

Viviane Reding: Weder zu Esch nach an der Stad

De President vun der Escher CSV-Sektioun sot, et géif een der Viviane Reding hir Entscheedung bedaueren net zu Esch ze kandidéieren. Si wier eng kompetent Politikerin, déi zu Esch sécher gutt gewielt gi wier. D’Viviane Reding huet dem Georges Mischo no ofgesot, wéinst hirem Mandat als Europadeputéiert a well si zanter 20 Joer an der Stad géif wunnen.

D'Viviane Reding wäert awer och an der Stad net kandidéieren, dat ass eisen Informatiounen no mëttlerweil kloer. Ob d'Viviane Reding 2018 mat an d'Chamberwahle geet an a wéi engem Bezierk si géif kandidéieren, wier nach net decidéiert, heescht et.

Martine Hansen kandidéiert net

D’Chamber-Deputéiert Martine Hansen, Paul-Henri Meyers a Sylvie Andrich-Duval soe, si géifen am Oktober dëst Joer net fir ee lokaalt Mandat kandidéieren. D'Martine Hansen nennt Zäitgrënn als Erklärung, iwwerdeems kandidéiert an der Majorz-Gemeng Esch-Sauer och den CSV-Deputéierte Marco Schank. De Paul-Henri Meyers an d'Sylvie Andrich-Duval hate sech 2005 respektiv 2014 aus der Kommunalpolitik zréck gezunn, a wëlle bei dëser Decisioun bleiwen.

Gewosst war schonn, datt den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler net mat an d'Gemengewahle geet. Hie wëll sech op seng Spëtzekandidatur am Bezierk Zentrum bei de Chamberwahlen am Oktober 2018 konzentréieren.

D’CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch war uganks net sécher, ob si bei de Gemengewahle sollt kandidéieren, mee geet elo mat. Op Nofro hi betount si awer, datt si zu Jonglënster net de Poste vum Buergermeeschter viséiert.

D’Nancy Arendt seet, si hätt sech nach net entscheet, ob si zu Monnerech kandidéiert. D’Octavie Modert, déi zu Greiweldeng wunnt, wollt sech nach net zum Thema äusseren.

Déi aner 17 vun den 23 CSV-Deputéiert ginn eisen Informatiounen no mat an d'Gemengewahlen.

Opruff vum Parteipresident

Den CSV-President Marc Spautz hat am Mäerz zejoert all d'Mandatairë vu senger Partei dozou opgeruff, sech fir d'Gemengewahle ze mobiliséieren. Jidderee misst hëllefen, fir datt d'CSV 2018 nees an d'Regierung kënnt. Dowéinst misst d'Partei gestäerkt aus de Gemengewahlen ervir goen:

"Mir mussen a méi Schäfferéit sinn a mir musse méi Conseilleren hunn, wéi bis elo. Well dat ass de Wee, wou mer kënnen zréck kommen an d'Regierung. A fir mech ass et dowéinst och logesch a normal, datt all Mandataire an der CSV mat an déi Gemengewahle geet."

Marc Spautz - 19.03.2016

De 25. Januar dëst Joer hat de Marc Spautz op eis Nofro hi scho gesot, datt hien "net frou doriwwer" wier, datt verschidden CSV-Mandatairen net wéilte mat an d'Gemengewahle goen. De Marc Spautz betount och, datt d'Decisioun, wie kandidéiert, eréischt mat den offizielle Lëschten am Laf vum Mäerz definitiv geholl ass.

Méi zum Thema

catia gonzalves.JPG
Femmes socialistes

D'Cátia Gonçalves, Presidentin vun de Femme socialistes, wëll eng obligatoresch Fraequot och scho fir d'Gemengewahlen 2017. An eng individualiséiert Besteierung, mee net wéi d'Regierung se proposéiert.

Di fréier EU-Kommissärin an aktuell Europadéputéiert huet Mandater ugeholl am Verwaltungsrot vum belsche Konzern NYRSTAR an am Conseil de Surveillance vun der BERTELSMANN-Stëftung. Dee Wiessel géif dem Code de bonne conduite vun der EU-Kommissioun entspriechen.

Den CSV-Parteipresident stellt sech d’Fro, ob d’DP, d’LSAP an déi Gréng wierklech schonn an hirer Roll als Regierungsparteien ukomm sinn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen