D'CSV géif spieren, wéi de Restauranten a Caféen den Hals zougedréit gëtt, seet de Marc Spautz. Deemno hätt d'Partei déi dräi Ministeren zesumme wéilte gesinn, fir iwwer déi verschidden Hëllefen ze schwätzen.
D'Hëllefen, déi vum Mëttelstandsministère ausbezuelt ginn, wieren dem zoustännege Minister Lex Delles no awer net de Problem - déi wieren zu 95 Prozent ausbezuelt ginn, "wann den Dossier komplett war". An dat an engem Delai vu 14 Deeg, esou de Mëttelstandsminister.
Et wier och ugeduecht d'Prozedur méi séier ze maachen. Et wier awer net ëmmer esou einfach e kompletten Dossier anzereechen, erkläert de Sven Clement vun der Piratepartei.
Anescht gesäit et fir déi aner Hëllefen aus, esou de Marc Spautz. Beim Chômage partiel wieren d'Sue vum Oktober elo eréischt ukomm. Weider géifen et Problemer gi mat der TVA, déi elo misst bezuelt ginn.
D'CSV géif elo eenzel Reuniounen ufroen, souwuel mam Finanzminister, wéi och mam Aarbechtsminister fir iwwer d'Problematik am Horeca-Secteur ze schwätzen.