Chamberwahlen 2018 Géint de Käerjenger Contournement

D'Suessemer LSAP-Schäffin an deemnächst Deputéiert Simone Asselborn-Bintz deelt d'Positioun vun hirem Parteikolleg a Buergermeeschter Georges Engel. Sollt iwwer de Projet vum Käerjenger Contournement nach virun de Wahlen an der Chamber ofgestëmmt ginn, da géif si dee Projet ofleenen.

Carole Schimmer / cbi

Simone Asselborn-Bintz
Simone Asselborn-Bintz (LSAP)

D'Suessemer Gemeng huet iwwerdeems an deem Dossier ee Moratoire gefuerdert. Déi rezent Analyse vun der Loftqualitéit op der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjeng hätten erginn, datt d'Stéckstoffoxid-Wäerter net méi esou héich wieren, seet d'Simone Asselborn-Bintz. Et soll ee fir d'éischt kucken, wéi een den ëffentlechen Transport ka besser organiséieren. Et géife keng Tensioune bannent der LSAP, tëscht dem Generalsekretär a Käerjenger Gemengeconseiller Yves Cruchten an de Suessemer LSAP-Politiker Georges Engel a Simone Asselborn-Bintz ginn. Et wier awer kloer, datt een op zwou verschidde Gemenge wier, déi zwou verschidde Meenungen hunn. Dat hätt awer näischt dermat ze dinn, wéi ee sech am Allgemenge verdréit, betount d'Simone Asselborn-Bintz.

Wuesstem ass néideg

Zum Wuesstem, deen am Wahlkampf staark thematiséiert gëtt, ënnersträicht si, datt dee fir de Sozialstaat wichteg ass. Ouni Wuesstem kéint een d'Sozialleeschtungen net finanzéieren. Géint de Wuesstem ze sinn ass an hiren Ae geféierlech, well dat näischt géif bréngen. Et misst een awer probéieren, Problemer an de Grëff ze kréien, wéi de Verkéier. Et misst een déi néideg Infrastrukture schafe fir dem Wuesstem gerecht ze ginn. D'LSAP-Politikerin warnt virun de rietsextremen Tendenzen, déi et an Europa gëtt. An deem Kontext misst een alles ënnerhuelen, fir de Leit hir Ängschte viru soziale Problemer ewech ze huelen.

"Ech wollt ni an d'Politik"

Der Simone Asselborn hir Mamm war d'Micky Bintz-Erpelding, déi 20 Joer laang fir d'LSAP am Escher Gemengerot souz. Si war iwwerdeems Presidentin vum Escher Office social. Indirekt huet d'Simone Asselborn dee selwechte Wee an d'Politik ageschloen. "Ech wollt zwou Saachen a mengem Liewen ni maachen, ech wollt ni op de Radio schaffe goen, an ech wollt ni Politik maachen. Mëttlerweil soen ech soll een ni ni soen. Meng Mamm ass am Joer 2000 gestuerwen an dann denkt een aneschters doriwwer no. Ech wollt awer verschidde Saache fäerdegmaachen, déi meng Mamm ugefaangen hat."

D'Simone Asselborn-Bintz ass Educatrice vu Beruff an huet souwuel an Altersheimer wéi och a Crèchë geschafft. An der Chamber vertrëtt si d'LSAP an de Kommissioune vun der Famill, der Educatioun, der Héichschoul an der Ëmwelt.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Georges Engel
Käerjenger Contournement

D'Regierung huet de Bau vum Käerjenger Contournement ugeholl. "Schued, datt hei en Projet realiséiert gëtt, deen duerch e Bësch geet an näischt notzt" , seet de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel.

Georges Engel
Contournement Käerjeng

Dem Suessemer Buergermeeschter Georges Engel schmaacht et net, datt d’Regierung den ëmstriddene Contournement an der Nopeschgemeng guttgeheescht huet. An awer kéint ee vun engem "Deelerfolleg" schwätzen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen