Sektoriell Klimaziler Gebaier, Industrie an Transport am Fokus

D'Regierung wëllt d'Zäregasemissioune bis 2030 am stäerkste bei Gebaier, der Industrie an am Transport reduzéieren. Hei solle méi Efforte gemaach gi wéi zum Beispill an der Offallwirtschaft oder der Landwirtschaft.

Pia Oppel / cbi

Carole Dieschbourg
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet d'sektoriell Klimaziler presentéiert. Foto: Archiv

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet déi sougenannte "sektoriell Klimaziler" presentéiert. Hei gëtt festgeluecht, wéi ee Bäitrag déi fënnef Secteuren solle leeschten, fir d'CO2-Emissioune vum Grand-Duché bis 2030 am Ganzen ëm 55 Prozent ze reduzéieren.

Zum Beispill sollen d'Gebaier méi energieeffizient ginn, fir datt dann nëmmen nach een Drëttel esou vill fossil Energie gebraucht gëtt, ewéi haut, fir ze hëtzen. Den Taux vu Albau-Renovatioune muss also klammen, esou d'Carole Dieschbourg:

"Dofir hu mir am Kader vun der Relance eis Aiden eropgesat. Dofir hu mir am Klimapakt 2.0 ee Volet zur Renovatioun. Well mir mengen, datt Gemengen ee Schlëssel fir méi grouss Renovatioune sinn. De Claude Turmes huet och eng Renovatiounsstrategie virgeluecht. Mir schaffen elo un der Ëmsetzung. Dat heescht, mir mussen an deem Beräich vill Efforte maachen."

Am Transport sollen d'Emissioune bis 2030 ëm iwwer d'Hallschent reduzéiert ginn: Ob a wéini d'Accisen um Sprit eventuell nach missten erop gesat ginn, fir datt manner zu Lëtzebuerg getankt gëtt, konnt d'Ëmweltministerin nach net soen.

Mouvéco begréisst sektoriell Klimaziler

De Mouvement Écologique begréisst an enger éischter Reaktioun, datt d'Regierung déi "iwwerfälleg" sektoriell Klimaziler endlech virgeluecht hätt, och wa virdru leider wichteg Zäit verluer gaange wier.

D'Ëmweltorganisatioun betount, d'Festleeë vun de sektoriellen Ziler wier zwar e wichtegen, mee nëmmen en éischte Schrëtt: Entscheedend wier, datt déi festgeluechten Mesuren elo och konkret ëmgesat ginn. Doru géif d'Glafwierdegkeet vun der Regierung schlussendlech gemooss ginn, esou de Mouvéco.

Méi zum Thema

Illustratioun Klimawandel
EU-Klimapak

D'Europäesch Kommissioun presentéiert haut ee ganze Pak vu Klimaschutz-Mesuren. Dozou gehéiert och den Ausbau vum Emissiounshandel. D'Iddi ass awer ëmstridden, souwuel ënnert den EU-Memberlänner an am Europaparlament.

Loftverschmotzung
EU-KLIMAPOLITIK

Muer stellt d'EU-Kommissioun ee Pak vun 12 legislative Propose vir, déi dofir suerge sollen, datt klimaschiedlech Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Watt ass alles dran an deem Pak?

Malik Zeniti
Energie- a Klimaplang 2030

De Logistik-Secteur weess net, wéi en déi 48-prozenteg Reduktioun vun CO2-Emissiounen erreeche soll, déi den nationalen Energie- a Klimaplang bis 2030 vun him verlaangt. Et hätt een den Ament vill Froen, mee wéineg Äntwerten.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen