Nom Sommet zu Cornwall G7 wëllt eng Milliarden Dosisse verdeelen

Déi siwe räichsten Demokratien op der Welt hu versprach iwwer eng Milliard Dosisse vum Coronavirus-Vaccin a méi aarme Länner ze distribuéieren. Dat ass eng vun de wichtegsten Annoncë vum G7-Sommet, dee gëschter zu Cornwall, am Südweste vun England, op en Enn gaangen ass. Et war déi éischt Etapp vum Joe Biden senger éischter Auslandsrees als US-President.

Phillip Crowther (Bréissel) / cbi

De G7-Sommet zu Cornwall
De G7-Sommet zu Cornwall. Foto: ©Karwai Tang/G7 Cornwall 2021

De Sommet, dee vum brittesche Premier Boris Johnson organiséiert gouf, war deen éischten zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie. Den Joe Biden hat de Retour vun den USA op der internationaler Bün versprach, a seng Kolleegen aus Groussbritannien, Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, a Kanada, konnten hir Erliichterung kaum verstoppen, datt d'Era vum Donald Trump eriwwer ass. Hien hat mam America-First-Dogma fir Chaos an den traditionellen Allianze gesuergt, souwuel am G7 wéi och an der NATO.

De Multilateralismus, d'Diplomatie, d'Zesummenaarbecht mat alliéierte Länner, dat soll déi nei an al Politik vun den USA sinn. Den US-President Joe Biden huet ënnerstrach, datt déi eenzeg Aart a Weis fir déi Geforen unzegoen wier et, wann ee mat senge Partner an Alliéierten zesumme schafft.

"Ech hu menge G7-Kolleege gesot, datt mir eisen Deel dozou bäidroe wäerten. Amerika sëtzt nees um Dësch."

Méi oder wéineger konkret Accorden

Um G7-Sommet koum et zu Accorden, e puer konkret, anerer manner, mee op d'mannst ouni Sträit. Den Don vun enger Milliard Dose vum Vaccin gouf vum Boris Johnson gefeiert, mee vun der Weltgesondheetsorganisatioun als inadequat kritiséiert. 11 Milliarden Dose missten hir, fir 70 Prozent vun der Weltbevëlkerung ze impfen.

De Kampf géint de Klimawandel sollt ee vun de grousse Sujete sinn, mee d'Versprieche vun dëse siwe Länner wäert kaum direkt Konsequenzen hunn. Et muss ee wuel op d'Klimakonferenz zu Glasgow dëst Joer waarde fir genee Mesuren.

D'Staats- a Regierungscheffen hunn och hiren Accord gi fir d'Minimalbesteierung vun op d'mannst 15 Prozent fir déi gréisst multinational Entreprisen. Och dat ass bis elo just en Accord a keng konkret Moossnam.

Stäerkt mat Alliéierte weisen

Et war och de But vum Joe Biden eng gemeinsam Front ze weise fir Russland a China ze bremsen. Eng nei Infrastruktur-Initiativ soll de risege chineesesche Projeten an Afrika, Asien, an Europa Konkurrenz maachen. Eng amerikanesch Iddi, déi vum Rescht vum G7 adoptéiert gouf.

Déi amerikanesch Taktik gëtt haut warscheinlech vun de NATO-Memberlänner zu Bréissel ëmaarmt. Russland ass déi grouss Gefor fir d'transatlantesch Allianz, dat wäert hei zu Bréissel nach eng Kéier ganz kloer gemaach ginn.

De Sommet soll eng weider Etapp ginn an enger Europarees vum Joe Biden, déi mam Treffe mam russesche President Vladimir Putin ophale wäert. Wärend enger ganzer Woch wëllen d'USA weisen, wéi staark déi traditionell Allianze sinn, staark genuch, fir Russland um politeschen a militäreschen Niveau ze bremsen.

Den amerikanesche President gesäit seng NATO-Partner e puer Méint virum Ofzuch vun den amerikaneschen an de NATO-Truppen aus dem Afghanistan. Dee längste Krich an der Geschicht vun den USA huet d'NATO elo bal zwanzeg Joer laang beschäftegt. An e puer Méint soll dat Kapitel ofgeschloss ginn, virum 11. September, dem 20. Anniversaire vun den Terror-Ugrëff vun Al-Qaeda an den USA.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Joe Biden a Fra
US-EU-Realtiounen

Den US-President Joe Biden ass fir d'éischte Kéier zanter dem Ufank vu sengem Mandat am Ausland ukomm. Zu Cornwall soll iwwer eng weltwäit Impfstrategie diskutéiert ginn.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Gëschter huet de President Biden seng grouss Europarees ugetrueden. Datt hie fir säin éischten Auslandsdeplacement Europa gewielt huet, huet eng staark Symbolkraaft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen