Reprise Enn Juli "Fussball ouni Kierperkontakt gëtt et eigentlech net"
Dräi Méint laang ass zu Lëtzebuerg am Fussball wéinst der Coronapandemie kee Match gespillt ginn. Och den Training um Terrain war net méi méiglech. Enn Juli sollen d'Restriktiounen am Sport deelweis nees opgehuewe ginn. Grad fir d'Escher Fola ass dat wichteg. Fir de Veräin stinn deemnächst internataional Qualifikatiounsmatcher un. D'Enjeue fir de Club sinn dofir nach e Stéck méi grouss.
No dräi Méint Paus dierfen d'Spiller nees um Escher Gaalgebierg trainéieren. Et ass eng Reprise mat groussen Ännerungen. D'Covidgesetzer gi vir, datt den Training ouni Kierperkontakt muss oflafen. D'Spiller dierfen zum Beispill de Ball net mat der Hand upaken a keng Dueller maachen. De Pascal Welter, Directeur Sportif suivéiert den Training mat enger Mask mat der Beschrëftung: "Covid Champion 2020".
Den Training kéint een net normal halen, well Dueller eben net erlaabt sinn. Den Training wier dofir méi theoretesch opgebaut, géif awer der Realitéit entspriechen. "De Fussball ass awer e Sport wou ee soll sou trainéiere wéi ee spillt, dat heescht sou vill wéi méiglech baséiert op de Match", sou de Pascal Welter.
De Stefano Bensi spillt zënter aacht Joer bei der Fola. D'Consigne fir kee Kierperkontakt fënnt hien onlogesch. "Dat gëtt et eintlech net - Fussball ouni Kontakt - da gi mer Kicker spillen."
Vill Ännerungen
Wéinst de strikten Hygiènesmesuren kënnen d'Spiller net méi an de Vestiaire. Dat bedeit sech am Fräien undoen, an nom Training gëtt et keng Dusch. Den Trikot an d'Schong mussen d'Spiller a Plastikskëschten transportéieren. Trotz den Ännerungen ass d'Equippe motivéiert. Déi nei Saison gëtt preparéiert, a virun allem d'Qualifikatiounsmatcher fir d'Championsleague, fir déi d'Auslousung am August ass.
D'Fola war Tabellenéischte wéi d'Saison 2019/20 wéinst dem Coronavirus ofgebrach gouf. Donneschdes den 12. Mäerz hat d'Ekipp géint Péiteng gewonnen, erënnert sech de Pascal Welter. Kuerz drop koum de Confinement vun deem kee wosst wéi laang en undauere géif. Du koum eng méintelaang Paus fir den Training um Terrain. Fir d'Spiller fit ze halen krute si individuell Trainingspläng fir doheem, déi duerch Zoom sessions vum Trainer suivéiert gi sinn. Kraafttraining haaptsächlech, a vill Lafe goen. No dräi Méint zitt de Pascal Welter de Bilan.
Ufro fir an den Elittekader bis elo ouni Succès
D'Moyenne wier e bëssen ënner dem Niveau vu virdrun, mee dat wier normal. "Am Fussball ass et ganz wichteg Matcher ze spillen, well et ass do wou d'Intensitéit méi héich ass, et ass do wou d'Dueller dra sinn, et ass do wou s de muss matdenken."
Ee mol pro Woch ginn d'Spiller an d'Personal op Covid-19 getest. Datt trotzdeem kee Kierperkontakt erlaabt ass, well d'Ekipp offiziell net zum Elittekader gehéiert, fënnt den Directeur Sportif onglécklech. Et hätt een iwwer d'FLF an iwwer de COSL eng gefot, fir temporär an den Elittekader opgeholl ze ginn, fir déi Derogatioun ze hunn, bis elo ouni Succès. "All Woch wou déi Decisioun verzögert gëtt, feelt eis herno."