Am Centre "Nei Brasilien" zu Gréiwels hate sech am Ganzen eng 40 Leit versammelt, fir de Virstellunge vun de Politiker iwwer déi geplangte Gemengefusioun nozelauschteren.
"Zesumme méi staark"
De Buergermeeschter vu Groussbus Paul Engel an d'Buergermeeschterin vu Wal Christiane Thommes hu sech an der Infoversammlung mat enger gemeinsamer Ried un d'Bierger am Sall an an der Live-Internet-Iwwerdroung adresséiert, mam Leetsproch: "Zesumme méi staark, zesumme méi erreechen, eng Gemeng fir eis Biergerinnen a Bierger, mat vereente Kräften an d'Zukunft."
Déi béid Buergermeeschteren hunn och erkläert, datt den deemolegen Inneminister Dan Kersch si no de Gemengewale vun 2017 mat der Fro vun enger méiglecher Fusioun konfrontéiert hat. Do hätt ee kënne feststellen, datt déi zwou Gemengen sech op Aenhéicht beweegen, esou d'Christiane Thommes.
De Groussbusser Buergermeeschter huet no deene verschiddene Virbereedungs-Etappe fir eng méiglech Fusioun, an am Virfeld vum 27. Juni däitlech gemaach:
"Mir hoffen, datt mir do gréng Luucht vun eisen Awunner kréien, fir déi Fusioun tëschent Groussbus a Wal kënnen ëmzesetzen. (...) An datt mir den Ufuerderungen an den Erwaardungen un eng modern Gemeng kënne gerecht. Mee do wënsche mir eis, Madamm Inneministesch, datt Dir eis weiderhin net am Ree stoe loosst."
Fusiouns-Subside géif bei ronn 4,7 Millioune leien
D'LSAP-Ministerin Taina Bofferding huet vun engem "gläichberechtegen Zesummewuessen" geschwat, a vun enger "Fusioun fir d'Bierger". Si huet op der Info-Versammlung zu Gréiwels weider Ënnerstëtzung an Aussicht gestallt.
Een Aspekt, dee bei de Froe vun de Bierger op der Versammlung zu Gréiwels dominéiert huet, war dee vun der finanzieller Ënnerstëtzung duerch de Staat, wann et zu enger Fusioun tëschent Groussbus a Wal sollt kommen.
Eng "anstänneg Finanzéierung" wier néideg, zum Beispill fir nei Infrastrukture wéi eng Sportshal kënnen ze bauen, esou d'Inneministerin. Trotz engem Corona-Effekt op déi ëffentleche Finanzen, solle méi staatlech Sue bei enger Fusioun fléissen.
Wann et zum Zesummeschloss kënnt, da soll d'Fusiounsgemeng e staatleche Fusiouns-Subside vu ronn 4,7 Milliounen Euro kréien. Nom ale Berechnungsmodus wieren et ronn 4,3 Millioune gewiescht. D'Regierungs-Decisioun fir déi zousätzlech zéng Prozent Subside geet op Mëtt Oktober d'lescht Joer zréck.
Bei engem Zesummeschloss soll déi nei Gemeng Groussbus-Wal heeschen. D'Zuel vun den Awunner wäert bei knapp 2.200 leien.