Nei Presidentin vum Verwaltungsrot "Fusioun vun 100,7 mat RTL keng erstriewenswäert Optioun"

Dës Woch huet sech de Verwaltungsrot vum radio 100,7 eng éischte Kéier ënner dem Virsëtz vun der Véronique Faber getraff. Si huet de Laurent Loschetter Mëtt November un der Presidence vum Radio ersat.

Michèle Sinner / cbi

Véronique Faber
D'Véronique Faber ass déi nei Presidentin vum Verwaltungsrot vum radio 100,7

Am neie Joer sti vill Chantieren un, seet d'Véronique Faber. Ufank Februar ass an der Chamber d'Consultatiounsdebatt iwwer de Service public an den audiovisuelle Medien. Eng Fusioun tëschent dem radio 100,7 an RTL, wéi op verschiddene Plazen evoquéiert gouf, wier keng ustriewenswäert Optioun, seet d'Véronique Faber.

En zweegedeelte Conseil

Am Virfeld dovun hat de Premier a Medieminister Xavier Bettel gesot, hie kéint sech e bicephale Conseil virstellen, an deen d'Regierung just nach déi Memberen nominéiert, déi d'Kontroll iwwer de Budget an d'Gerance hunn.

An deem aneren Deel wieren d'Chamber, d'Société civile an d'Iwwerwaachungsautoritéit Alia vertrueden. Domat wollt hien op d'Kritik aus der Peer-Review vun der European Broadcasting Union agoen, déi aktuell Gouvernance vum Radio géif seng Onofhängegkeet net genuch ofsécheren. D'Véronique Faber fënnt déi Propos wier net onbedéngt eng Léisung.

Op d'Kritik vun der EBU agoen

D'European Broadcasting Union (EBU), den Zesummeschloss vun den europäesche Sendeanstalten, hat a senger Peer-Review vum radio 100,7 kritiséiert, datt de Conseil vun der Regierung genannt gëtt: dat kéint d'Onofhängegkeet vum Radio a Gefor bréngen.

D'Véronique Faber wënscht sech an deem Zesummenhang och, datt de Finanzement vum 100,7 gesetzlech verankert géif an net méi wéi elo vun enger Konventioun ofhänkt, déi mat der Regierung negociéiert gëtt.

De Radio verbesseren

Déi nei Presidentin seet, de Radio misst u senger Baussenduerstellung schaffen. Vill Leit wéisste guer net, wat de radio 100,7 alles zur Kreatioun am Land géif bäidroen. De Radio misst och Efforte maache fir all Lëtzebuerger Residenten ze erreechen. Dofir wier et noutwendeg d'Nolauschterer besser kennenzeléieren, fir neier ze gewannen, ouni déi aktuell ze verléieren.

Fir de Konflikt tëschent Direktioun a Redaktiounen ze léisen, gëtt mat engem Mediateur verhandelt. Dës Prozedur soll, den Aussoe vun der Véronique Faber no, kuerzfristeg kënne lassgoen.


Lauschtert dat ganzt Gespréich mat der Véronique Faber

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Giacomo Mazzone
25 Joer radio 100,7 - 25 Joer Lëtzebuerg

D'Unioun vun den ëffentlech-rechtleche Medien an Europa bedauert, datt d'Regierung de Froe ronderëm d'Onofhängegkeet vum radio 100,7 keng Prioritéit gëtt. De gudde Fonctionnement vun de Medien wier essentiell an enger Demokratie.

Gebai vum radio 100,7
European Broadcasting Union

De momentane System vun der Gouvernance an der Finanzéierung vum radio 100,7 wier net am Aklang mat den internationale best practice Standarden. Dat schreift d'EBU an engem Bréif un de Xavier Bettel.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen