Mam Recul a mat den Informatioune vun haut, esou de Patrick Heck, hätt hien am Hierscht 2018 net solle recommandéieren de Kontrakt mam Konstrukteur vum Satellit ze ënnerschreiwen, mee datt een d'Aarbechte sollt suspendéieren. Dat wier e Feeler gewiescht, an dofir misst hien haut Verantwortung iwwerhuelen. Dat schreift hien an enger E-Mail un d'Budgetskontrollkommissioun, wou hien e Méindeg seng Vue op de Projet Äerdobservatiounssatellit ginn hat. Hien hëlt dat deemno als Beamten op seng Kap.
A sengem Mail un d'Budgetskontrollkommissioun en Dënschdeg schreift hien och, datt hien zwar an der Reunioun gesot hat, hien hätt vum fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider keng Consignë kritt, éier en an d'Reunioun komm wier. Fir transparent ze si wéilt hien awer preziséieren, datt hien den Etienne Schneider op deem seng Demande hin e puer Deeg virun der Reunioun gesinn hätt, fir him ze erklären, wéi d'Defense den Dossier deemools geréiert hätt.
Bei der Signature vum Kontrakt hu 15 Millioune gefeelt, och nom Budget vun der deemoleger Ekipp
Pour rappel: Wéi de fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider de Kontrakt am September 2018 ënnerschriwwen huet, war kloer, datt de Budget vun 170 Milliounen Euro, deen zwee Méint virdru gestëmmt gouf, net géif duergoen, fir all d'Käschte vum Projet ze bezuelen. Dat well eleng de Konstrukteur ronn 168 Millioune krut, fir de Satellit an en Deel vun der Buedemstatioun ze liwweren. Dofir hunn op d'mannst 15 Milliounen Euro gefeelt. Déi sollt nämlech d'Firma Lux-Gov-Sat kréien, fir de Satellit ze steieren.
Esou steet et am éischten Avant-projet de loi vum November 2017, dee vun der Ekipp ënner dem Etienne Schneider ausgeschafft gouf. An der Fiche financière vum Avant-projet, déi eis virläit, steet:
"Les frais de gestion de la capacité d'observation de la Terre, également inclus dans le montant de 170 millions d'euros à ne pas dépasser, comprennent les coûts de gestion de la capacité d'observation de la Terre par la Joint-Venture LuxGovSat: monitoring/contrôle de la performance des services, gestion de configuration journalière des paramètres techniques et mise en œuvre du plan de programmation établi par la Défense belge en coordination directe avec la Défense luxembourgeoise. Un deuxième contrat à conclure entre la Direction de la Défense et la Joint-Venture LuxGovSat définira les coûts annuels exacts de ces services. (...) Les dépenses sont ä charge du fonds d'équipement militaire et sont à prévoir dans la programmation pluriannuelle des dépenses du fond."
Dat widdersprécht der Argumentatioun vum Patrick Heck e Méindeg an der Budgetskontrollkommissioun, datt de Projet de loi just d'Investitiounsausgabe sollt decken, net awer d'Fonctionnementskäschten, déi een iwwer de lafende Budget vun der Arméi hätt wëlle bezuelen.
De Projet gëtt den Estimatioune vu PWC no awer net just 15 Milliounen Euro, mee 140 bis 180 Milliounen Euro méi deier wéi virgesinn. De Patrick Heck gesäit a sengem Aide-Mémoire fir d'Budgetskontrollkommissioun d'Ursaach dofir an den Ännerungen um Projet, déi d'Ekipp ënner dem François Bausch virgeholl hätt.
Firwat feelen net just 15, mee 140 bis 180 Milliounen Euro?
Hie mengt domat d'Auslagerung vun der Gestioun an der Exploitatioun fort vu Lux-Gov-Sat an der Arméi bei en externe Prestataire de service. Dofir fale PWC no elo iwwer zéng Joer gekuckt Personalkäschte vu ronn 75 Milliounen Euro un.
Dorop ugeschwat seet den aktuelle Verteidegungsminister François Bausch, datt LuxGovSat him haut géif soen, d'Firma wéilt de Satellit net steieren, well si déi technesch Capacitéiten net hätt. Dowéinst feele par rapport zur finanzieller Planung net just eng Ekipp vu bis 25 Leit, déi net budgetiséiert waren, mee och d'Infrastruktur an d'Raimlechkeeten, vu wou aus déi Leit de Satellit steieren.
En anere Punkt ass den Emplacement vun den Antennen. Dem Etienne Schneider seng deemoleg Ekipp insistéiert, et wier technesch méiglech, se op de Härebierg ze setzen. Do géife schonn aner Antenne vum selwechten Typ stoen. D'Fro ass also, op d'Decisioun, d'Antennen op Redu an der Belsch ze setzen, Méikäschte par rapport zum Ausgangsprojet verursaacht. De François Bausch seet dozou, d'Arméi géif den Terrain fir aner Saache brauchen. Technesch gesi misst e ganz héije Mast gebaut ginn, fir datt d'Antenn "Empfang" hätt. Dofir misst och Bësch ewechgemaach ginn, wat mat laangwierege Geneemegungsprozedure verbonne wier. Hien insistéiert och, datt et net de Choix vum Emplacement u sech wier, deen déi héich Méikäschte verursaache géing. Mee de Fait, datt am initiale Budget keng Sue fir d'Infrastruktur ronderëm virgesi gewiescht wären. Zum Beispill fir d'Sockele vun den Antennen - am Fong Investitiounsausgaben.
Wärend de Patrick Heck a sengem Aide-Mémoire fir an d'Budgetskontrollkommissioun argumentéiert, fir Veraarbechtung vun de Biller wieren zwee Ënneroffizéier virgesinn gewiescht, déi mat hirer IT sollten an dee vun hinne geplangte Pôle aérien um Findel kommen, seet de François Bausch, datt am Projet just de Bau vum Satellit an den Antenne virgesi waren, mee net de Kontrollzentrum, de Datazenter an den Zentrum fir d'Receptioun vun de Biller-Commanden an der Veraarbechtung vun de Biller, déi de Satellit mécht. Deemno géifen am Budget net just Fonctionnementskäschte feelen, mee och Infrastrutkur, ouni déi de Satellitteprojet net ka funktionéieren.
Wann de Patrick Heck et elo op seng Kap hëlt, datt de Kontrakt ënnerschriwwe gouf, ass domat den Etienne Schneider souzesoen "aus dem Schneider"? Déi politesch Verantwortung bleift awer bei him. De Patrick Heck confirméiert a sengem Aide-Mémoire zum Beispill och, datt den Etienne Schneider den Dag éier de Budget vun 170 Milliounen Euro an der Chamber gestëmmt gouf, an enger Reunioun vum sougenannte Cocodef, dem Comité fir d'Coordinatioun vun der Défense, gesot krut, datt de Konstrukteur OHB-I dee Moment 165 Milliounen Euro fir de Bau vum Satellit an den Antenne wollt. Hien hätt deen Dag gréng Luucht ginn, fir den endgültege Kontrakt mat OHB-I ze negociéieren, well et déi eenzeg vun den dräi Offeren um Dësch war, déi iwwerhaapt an d'Budgetsenveloppe gepasst huet. De Patrick Heck argumentéiert, datt dee Moment d'Verhandlunge mat OHB-I eréischt richteg ugaange wieren. Mee et ass awer schwéier nozevollzéien, wéi een de Präis hätt wëllen no ënnen drécken, wann déi aner Offere vill méi deier waren.
Den Etienne Schneider ass vun der Budgetskontrollkommissioun invitéiert, fir seng Vue op de Projet ze ginn. Hien huet och zougesot, datt hie kënnt, mee et gëtt nach no engem Datum gesicht, wou et klappt. De François Bausch geet och den 13. Juli nach emol an d'Kommissioun. Hie wëllt da genee Berechnunge virleeën, wat, wou, wéi vill kascht. Respektiv, wat et kascht, wann een de Projet ofbrécht. Hie betount awer elo, datt hien der Meenung ass, et sollt een de Projet weiderfeieren, well en eppes géif bréngen.