arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freedefeier an de meeschte Gemenge verbueden

Silvester

|
reading time

2 min

Freedefeier an de meeschte Gemenge verbueden

Fir den Iwwergang vun engem an dat anert Joer ze féieren, schéisse vill Leit gäre Silvesterrakéiten an d'Loft. Eng Praxis déi awer net onëmstridden ass. E Grond firwat eng Partie Gemenge Freedefeier op Silvester net oder nëmmen deels dulden. An de Gemengen Diddeleng an Esch ass et am Prinzip verbueden, och wann et schwéier wier, dat ze kontrolléieren. Esou déi respektiv Buergermeeschteren. Zu Iechternach erlaabt een et wärend enger dräi-véierels Stonn fir den Joresiwwergang. Et hofft een, datt d'Leit doduerch op d'manst net déi ganz Nuecht iwwer Rakéite schéissen.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitag vum Stephan Polet

Generell ass et sou, datt een an de meeschte Gemenge kee Freedefeier dierf maachen, ouni eng Geneemegung vum Buergermeeschter. A ville Gemenge gouf et an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar awer gedult; och ouni Autorisatioun. Anescht zu Diddeleng, wou et zanter 15 Joer verbuede wier, Freedefeier ze maachen, och op Silvester, sou de Buergermeeschter vun Diddeleng, den Dan Biancalana. Grënn wieren, datt d'Déieren ënner dem Kaméidi leiden, et géif zu enger héijer Belaaschtung vu feinem Stëbs féieren an et géif vill Dreck am ëffentleche Raum entstoen.

Och zu Esch-Uelzecht ass d'Schéisse vu Silvester-Rakéiten zanter zwee Joer verbueden. Doduerch géif een och d'Gemeng aus der Responsabilitéit huelen, wann eppes schif geet, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

"Mir hunn et am Reglement stoen. Wa sech net dru gehale gëtt, ass et un der Police fir dat ëmzesetzen an ze protokolléieren."

Theoretesch kann e Verstouss zu enger Geldstrof féieren. Déi zwee Buergermeeschtere si sech bewosst, datt trotzdeem eng Partie Rakéite geschoss ginn. Et wier schwéier fir d'Police, dat ze kontrolléieren.

Zu Iechternach huet een en anere Wee gewielt. Hei ass et vu véierel fir 12 bis hallwer eng an der Nuecht gedult, erkläert den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler. De Raisonnement ass deen: Wann een et déi ganz Nuecht verbitt, da ginn et iwwer déi ganz Nuecht Leit, déi sech net drun halen. "A wann een awer seet, w.e.g. komm mir limitéieren eis an der Zäit, dann ass d'Chance grouss, datt déi meescht sech drun halen", sou den Iechternacher Buergermeeschter.

An der Stad Lëtzebuerg ginn d'Freedefeieren iwwerdeems op Silvester gedult, esou eng Spriecherin vun der Stad. Et rifft een allerdéngs dozou op, virsiichteg ze sinn.

Am Fall wou d'Gemeng Freedefeier erlaabt, gëtt Police déi wichtegst Consignen am Ëmgang mat Knupperten a Freedefeier. Weider Informatioune fënnt een och hei.