Chamberwahlen 2018 "Et ass eppes Grousses méiglech"

D'Initiativ Wee2050 / Nee2015 hätt virun de Gemengewahlen och mat der CSV Diskussioune gehat. Et hätt een och mat deem Engen oder Aneren en vue vun de Chamberwahle geschwat, seet de President vun der Asbl. Aus verschiddene Grënn, déi de Fred Keup net wollt nennen, wier aus enger Kooperatioun mat der CSV näischt ginn.

cz

Fred Keup
Fred Keup

Programmpunkten: Sprooch a Wuesstem

Et wier schwéier seng Inhalter iwwert den ausserparlamentaresche Wee an d'Politik anzebréngen. Déi programmatesch Ziler vu Wee2050 / Nee2015 wieren d'Verdeedegung vun der Lëtzebuerger Sprooch an een, wéi et heescht, "kontrolléierte Wuesstem". Dem President vun der Asbl sinn d'Ausmoosse vun der Immigratioun an d'Zuel vun de Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen, een Dar am A. Et kéim een doduerch net méi no mat den Infrastrukturen, sou de Fred Keup. D'Lëtzebuerger Wirtschaft misst méi op spezialiséiert Aktivitéiten ausgeriicht ginn, déi mat manner Main-d'oeuvre ee méi grousse Méiwäert schafen. Déi Spezialiste sinn zu Lëtzebuerg awer méi rar geséint.

"Ech menge mir wëlle jo net, datt op eemol kee méi heihinner kënnt. Et ass kloer, datt mir Leit hei brauchen an et ass jo kloer, datt eng ganz Partie Leit, déi heihinner komme ganz dynamesch Leit sinn, déi och a sou Nische kënne schaffen. Dat bréngt eist Land och weider. Et geet eis net drëms, fir dat ze stoppen, eis geet et drëms, fir dat an e gesond Moss ze bréngen."

Vill Leit wieren, dem Fred Keup no, Verléierer vun der d'Globaliséierung. Domat wier een enorme Konkurrenzdrock verbonnen.

Héich Ambitiounen

Wee2050 / Nee2015 huet d'lescht Woch eng Zesummenaarbecht mat der ADR annoncéiert. D'Oppositiounspartei stellt aacht Lëschteplaze fir Kandidate vun der Initiativ zur Verfügung. Bis op d'Lëtzebuerger Sprooch, d'Nationalitéit an de Wuesstem hätt ee sech nach mat kengen anere Sujete befaasst. Dat wéilt een elo am Hibléck op d'Chamberwahlen zesumme mat der ADR kucken. Déi meeschte Leit am Land géifen d'Meenung vu Wee2050 / Nee2015 deelen, dofir wier bei de Chamberwahlen am Oktober "eppes Grousses méiglech", seet de Fred Keup.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Fred Keup
Nationalitéit

En Demokratie-Defizit gëtt et just, wann d’Leit hei am Land net méi matenee kënne schwätzen. Där Meenung ass de Fred Keup, Grënner vun der Plattform "Nee 2015, Wee 2050".

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen