Stolindustrie Franz Fayot fir weider Gespréicher zu Bréissel
Fir iwwer d'Zukunft vum Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng ze schwätzen, huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot haut zu Bréissel e weidert Gespréich mam EU-Bannemaartkommissär Thierry Breton.

De Wirtschaftsministère géif nach ëmmer kucken, wéi d'Aktivitéit zu Diddeleng kéint ofgeséchert ginn, eventuell mat engem neien industrielle Partner. Eng staatlech Interventioun hei zu Lëtzebuerg schléisst de Minister Franz Fayot weiderhin net aus, wéi zum Beispill eng Deelverstaatlechung.
"Dir wësst, datt mer hei zu Lëtzebuerg eng Traditioun hunn, datt mer net zécke fir Participatiounen ze huelen a wichtegen Entreprisen. Dat hu mer an der Vergaangenheet gemaach. An dat schléissen ech och net aus, wann dat am Fall vu Liberty Steel Diddeleng misst néideg sinn."
Dem Minister no géif de Grupp Gupta - de Besëtzer vu Liberty Steel - nach ëmmer probéieren - "dat Ganzt zesummen ze halen". Et géif een awer alles dru setze fir ganz no drun ze sinn, fir wann néideg kënnen ze intervenéieren, esou de Franz Fayot. All Woch géif entscheedend bleiwen.
Franz Fayot fir Gespréicher zu Bréissel
D'Pläng vu Liberty Steel, fir Wierker a Groussbritannien wëllen ze verkafe géif beweisen, datt et eng Bereetschaft vum Grupp géif ginn, fir net-strategesch Avoiren ofzetrieden:
"Dat signaléiert mir - well mer wëssen natierlech, dass och Liberty Léck-Diddeleng - net zu den Haapt-Häerz-Aktivitéiten ziele vum Grupp Grupta, datt dat dann och natierlech verschidden Optiounen opmécht fir eis hei zu Lëtzebuerg."
Bei sengem Gespréich mam Kommissär Breton haut wëllt de Wirtschaftsminister nach eng Kéier déi senger Meenung no problematesch europäesch Konkurrenzreegelen uschwätzen, déi dozou gefouert haten, datt ArcelorMittal 2018 d'Wierk zu Diddeleng huet musse verkafen.
Nach keng Léisung fir Diddeleng
Liberty Steel gehéiert zur "Gupta Family Group Alliance", dee grouss finanziell Problemer huet an elo wëlles huet, brittesch Wierker ze verkafen.
De Site zu Diddeleng, deen zu Liberty Steel an der Belsch gehéiert, beschäftegt eng 220 Leit, déi de Moment nach ëmmer zum Deel a Kuerzaarbecht sinn, wéi den OGBL eis confirméiert huet. Eng Léisung, wéi d'Wierk zu Diddeleng kéint gerett ginn, gëtt et nach ëmmer net.