Franséisch Presidentiellen 2017 RTBF: Macron läit an de Sondagë vir

Nach ier déi lescht Wahlbüroe um 20 Auer schléissen, mellt d'RTBF, datt de Kandidat vun "En Marche" mat 24 Prozent vun de Stëmme grouss Chancen huet an den zweeten Tour ze kommen. Marine Le Pen, Jean-Luc Mélenchon a François Fillon léichen bei tëscht 18 an 20 Prozent.

Pia Oppel

Eelef Kandidaten bei de Presidentiellen
(Foto: © Picture Alliance / Winfried Rothermel)

A Frankräich ass d'Publikatioun vun esou Sondagë verbuede bis d'Wahlbüroen zou sinn, fir keen Afloss op de Choix vun de Wieler ze huelen. Scho bei de leschte Presidentiellen 2012 hate Medien am Ausland decidéiert, sech net un déi Virgab ze halen.

De radio 100,7 huet mat der Publikatioun vun den Informatioune bis 19 Auer gewaart, wéi d'Wahlbüroen zu Lëtzebuerg zougemaach hunn.

Eegenen Angaben no krut d'RTBF deemno Accès op d'Resultater vu verschidenne Sondagen, déi bei der Sortie vun de Wieler aus den Urnen duerch gefouert gouf.

Deemno hätten déi véier Favoritte bei dëse Presidentiellen dës Resultater:

  • Emmanuel Macron (En Marche): 24 Prozent
  • Marine Le Pen (Front National): Tëscht 18 an 20 Prozent
  • François Fillon (Les Républicains): Tëscht 18 an 20 Prozent
  • Jean-Luc Mélenchon (La France Insoumise): Tëscht 18 an 20 Prozent

D'Resultater vun den anere siwe Kandidaten nennt d'RTBF net.

Wahlbedeelegung

47 Millioune Fransouse sinn opgeruff hire Bulletin ofginn. Zanter aacht Auer de Moien hu 66.000 Walbüroen uechter Frankräich hir Dieren op, dat bis 19 Auer den Owend, a groussen Stied esou guer bis 20 Auer.

D'Participatioun bei de Wahle gëtt op 77 Prozent geschat. Mat 23 Prozent géif d'Abstentioun deemno iwwert dem Taux vun 20,52 Prozent am éischten Tour vun de Presidentiellen 2012 leien.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen