Franséisch Presidentiellen 2017 Macron a Le Pen am zweeten Tour

97 Prozent vun de Stëmme sinn ausgezielt: Den Emmanuel Macron (En Marche) kënnt op 23,86 Prozent vun de Stëmmen. d'Marine Len Pen (Front National) op 21,43 Prozent.

Pia Oppel / Jean-Claude Franck

Le Pen & Macron
Picture Alliance / Winfried Rothermel

Am zweeten Tour de 7. Mee hunn d'Franzouse bei de Presidentschaftswahlen de Choix tëscht dem sozial-liberalen an 39 Joer alen Emmanuel Macron an dem Marine Le Pen, 48 Joer al Kandidatin vum rietsextreme Front National.

Dem Inneministère no si 97 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt:

  1. Emmanuel Macron (En Marche): 23,86 %
  2. Marine Le Pen (Front National): 21,43 %
  3. François Fillon (Les Républicains): 19,94 %
  4. Jean-Luc Mélenchon (France Insoumise): 19,62 %
  5. Benoît Hamon (Parti Socialiste): 6,35 %

Déi aner fënnef Kandidate krute manner wéi fënnef Prozent vun de Stëmmen.

Wahlkampf geet weider

Den Emmanuel Macron sot no senger Victoire am éischten Tour, bannent engem Joer wier et der Bewegung "En marche" gelongen, d'Gesiicht vum politesche Liewen a Frankräich ze veränneren. D'Fransousen hätte sech fir ee Changement entscheed an déi zwou Parteien ecartéiert, déi d'Land an de leschten 30 Joer regéiert hunn.

Vun elo u wier et seng Aufgab all d'Fransousen ze rassembléieren, esou den Emmanuel Macron: "Ech kennen är Erwaardungen. An ech wëll an zwou Wochen äre President sinn."

Favorit am zweeten Tour

Eng Ëmfro vun Ipsos-Sopra Steria huet erginn, datt den Emmanuel Macron am zweeten Tour ronn 62 Prozent vun de Stëmme géif kréien.

D'Droite, d'Sozialisten an d'Ecologisten hunn opgeruff fir am zweeten Tour fir den Emmanuel Macron ze stëmmen.

Eng Rei Lëtzebuerger Politiker hunn dem Emmanuel Macron fir säi Resultat am éischten Tour felicitéiert, dorënner den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an de Premier Xavier Bettel:

Le Pen hofft op "Parioten"

D'Marine Le Pen sot, elo wier déi "éischt Etapp" fir an den Elysée-Palais gepackt. Si géif de Wieler d'Méiglechkeet vun enger wierklecher Alternance proposéieren, esou d'Presidentin vum Front National.

Et wier am Wahlkampf alles gemaach ginn, fir datt iwwert déi eigentlech politesch Erausfuerderungen net hätt kënnen diskutéiert ginn. Dat kéint an den nächsten zwou Wochen endlech geschéien.

Si huet d'Franzousen opgeruff, fir d'"Opportunitéit" ze notzen a sech géint eng "mondialisation sauvage" ze wieren, déi eng Gefor fir d'Zivilisatioun wier.

Historesche Moment

D'Néierlag vun den zwou grousse Regierungsparteien, dem Parti Socialiste a Les Républicains, ass historesch: Nach ni hunn d'Kandidate vun de Sozialisten an de Konservativen esou mann Stëmme kritt wéi des Kéier.

De Sozialist Benoît Hamon huet als éischte vun den 11 Presidentschaftskandidaten reagéiert:

De Benoît Hamon huet d'Marine Le Pen als "Feindin vun der Republik" bezeechent an d'Wieler dozou opgeruff am zweeten Tour fir den Emmanuel Macron ze stëmmen.

Och de François Fillon sot um Wahlowend, hie géif am zweeten Tour fir den Emmanuel Macron wielen. De Front National wier fir seng Gewalt a seng Intoleranz bekannt. De Wahlprogramm vum Marine Le Pen géif Frankräich an d'Faillite an Europa an de Chaos stierzen, esou de Fillon.

Mélenchon: Keen Opruff

De Jean-Luc Mélenchon huet keng Wahlrecommendatioun fir de 7. Mee gemaach. De lénke Kandidat huet sech vu béide Kandidaten am zweeten Tour distanzéiert, déi allebéid wéilten déi aktuell Institutiounen erhalen an keen ecologeschen a soziale Fortschrëtt géife proposéieren.

Wahlparticipatioun

47 Millioune Fransouse waren opgeruff hire Bulletin ofzeginn. D'Participatioun beim éischten Tour vun de Presidentewahle gëtt op 78,2 Prozent geschat. Mat 21,8 Prozent géif d'Abstentioun deemno liicht iwwert dem Taux vun 20,52 Prozent am éischten Tour vun de Presidentiellen 2012 leien.

Méi zum Thema

Wahlen a Frankräich Dossier

De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen