Hien hätt Loscht fir President vun der CSV ze ginn, an hie weist sech iwwerzeegt, datt eng Neiausriichtung vu senger Partei him kéint geléngen.
D'CSV misst um nächste Wahldag erëm méi relevant sinn, "eigentlech bal onëmgänglech sinn". D'CSV misst an enger Rei Saache méi markant, méi prägnant a méi liesbar ginn. "Well ech weess, datt ganz vill Leit, och mat Sympathië fir d'CSV, sech d'Fro gestallt hunn, wat géife si dann elo wierklech sou anescht maachen, wéi déi, déi elo do sinn", sou de Frank Engel.
D'Fro, ob hien eventuell mat engem Team vu Kandidate fir d'Poste vum CSV-Generalsekretär a vun de Vize-Presidenten untrëtt, konnt de Frank Engel haut nach net eendeiteg beäntwerten.
Serge Wilmes huet sech nach net decidéiert
De Chamberdeputéierten a Stater Schäffe Serge Wilmes wollt sech iwwerdeems haut nach net festleeën, ob hien um Nationalkongress de 26. Januar 2019 Kandidat fir de Poste vum CSV-President wäert sinn. Erneierung géif net just dra bestoen, fir Käpp auszetauschen. "Dat bedeit fir mech ganz kloer, datt mir eng Equipe an e Projet mussen hunn, deen och vun de Membere gedroe gëtt. Dat ass fir mech an dësem Moment dat Allerwichtegst." Hie wéilt dofir weider mat den CSV-Memberen a Kontakt kommen an hinnen nolauschteren. "An déi Geleeënheet bitt sech och an den nächste Wochen op deene ville Kongresser, déi nach kommen. Dat ass dat, wat fir mech de Moment zielt."
Luc Frieden a Marc Spautz ginn net Parteipresident
De fréiere Minister Luc Frieden huet eis bestätegt, datt hien net wäert Kandidat sinn, fir President vun der CSV ze ginn.
De Marc Spautz, deen zanter Ufank 2014 CSV-President ass, hat den Donneschdeg ugekënnegt, datt hien net fir e weidert Mandat wäert kandidéieren. Fir hien ass et awer wichteg, datt seng Partei e soziale Profil géif behalen, an datt et net zu engem Rietsruck bei der CSV kéim.