An der CSV sténken d'Lompen: d'Chamberfraktioun huet de Partei-President beim Parquet denoncéiert, wéinst engem bezuelte Job fir d'ASBL CSV-Frëndeskrees. Fir dee Job hätt de Fränk Engel awer net déi Géigeleeschtung bruecht, déi am Kontrakt virgesi war. Dat ass de Reproche, deen am Raum steet.
Wéi geet et weider an der CSV?
No dëse Revelatioune wier de Fränk Engel net méi als CSV-President ze halen, fënnt de Journalist Christoph Bumb, Grënner a Chefredakter vum Online-Magazin Reporter.lu:
"En ass jo ugetruede mat verschiddene Projeten, och politesch. Hien huet ëmmer gesot: d'CSV muss erëm méi eng sozial Partei ginn, d'CSV muss erëm fir déi kleng, déi normal Leit do sinn."
Eleng dat géing net bei déi Transaktioune passen, déi hie vun der ASBL CSV-Frëndeskrees ugeholl hätt.
D'Ines Kurschat, Journalistin bei der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land, fënnt, datt dem Frank Engel seng Presentatioun fir d'Partei-Presidence ze behale kontradiktoresch war:
"Et ass och well hie mat sengem eegene Programm, deem Pabeier, deen hien do iwwerraschend, an ouni d'Fraktioun anzeweien ofzeschwätzen, publizéiert huet, do schwätzt hie vum 'vereenen'. Hie schwätzt vun enger Missioun, d'Partei zesummen ze bréngen. An elo geschitt just de Contraire."
Kandidate fir d'Parteipresidence?
Et wier erstaunlech, datt an der CSV nach ëmmer kee seng Absicht erkläert huet, fir um Kongress de 24. Abrëll fir de Poste vum Parteipresident ze kandidéieren.
Eng potentiell Kandidatin wier sécher d'Fraktiounscheffin Martine Hansen, sot de Christoph Bumb. An der Corona-Kris hätt awer och de Claude Wiseler sech erëm kënne profiléieren. Et wier zwar gemunkelt ginn, dat hie sech ganz aus der aktiver Politik wéilt zeréckzéien, mee:
"De Claude Wiseler wier een, dee vun alle Fligelen an der Partei géif acceptéiert ginn. An deen op d'mannst déi Presidence kéint assuréieren, d'Spëtzekandidatur ass dann nees eng ganz aner Fro."