Chamberwahlen 2018 "Fräiwëlleg an obligatoresch Stagë musse bezuelt ginn"

D'Kierzung vun de Studentebourssen, de Referendums-Vott géint d'Wahlrecht mat 16 Joer, de Gesetzesprojet iwwer Stagen: Fir d'Studentenorganisatioun UNEL war dës Legislatur vun enger "jugendfeindlecher Politik" gepräägt.

cz

Kelly Kosel
Kelly Kosel

Net nëmme wiere gesetzlech Mesurë géint d'Jugend geholl ginn, mee allgemeng géifen Themen, déi déi Jonk concernéieren an interesséieren net matgeduecht, seet d'UNEL-Spriecherin Kelly Kosel. Dat hätt domat ze dinn, datt d'Hallschet vun de Wielerinnen a Wieler iwwer 50 ass.

Et wier net alles schlecht gewiescht, mee de Gratis-Transport fir Schüler a Studente wier just eng "kleng Kamell". Besonnesch bedauert d'Kelly Kosel, datt - bis op déi Lénk an déi gréng - keng vun de Parteien d'Entlounung vu Stagen an de respektive Wahlprogrammer opgräift. D'Haaptfuerderung vun der UNEL ass et, datt nieft de fräiwëllege Stagen och déi obligatoresch musse bezuelt ginn.

Déi gréisste Lëtzebuerger Studentenorganisatioun, d'ACEL, huet e Projet mat der Regierung ausgeschafft, déi d'Stagen iwwerhaapt emol reglementéieren. Rezent huet d'Regierung Amendementer un dësem Gesetzprojet proposéiert. Déi Amendementer wieren awer just "reng formal Schéinheetskorrekturen", seet d'Kelly Kosel. Den Text vum Gesetzprojet géif en ongläiche System schafen, "well wann de Patron d'Wiel huet, tëschent engem bezuelten an engem onbezuelte Stagiaire, dann ass d'Decisioun séier gemaacht", sou d'Kelly Kosel. D'Haaptfuerderunge vun der UNEL an d'Haaptproblemer vun dësem Gesetzesprojet géifen - och duerch dës Amendementer - net ëmgesat oder opgeléist ginn, seet d'UNEL-Spriecherin Kelly Kosel.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Fair statt prekär
Stagegesetz

UNEL a Richtung22 fuerderen, datt de Gesetzesprojet fir d'Reglementéierung vu Studentestagë soll iwwerschafft ginn. Dowéinst hunn déi zwou Associatiounen d'lescht Woch eng Petitioun lancéiert.

Romain Wolff
CGFP

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP fuerdert, datt d'Stagiairë beim Staat nees zu 100 Prozent bezuelt ginn. D'Staatsfinanze wiere gutt an d'Stagiairë géife mat kompletten Tâchen agesat ginn.

Woman under stress at home working at the computer
Grondschoul

Well si déi zousätzlech Laascht vum Stage net packen, wollte vill jonk Enseignanten de Beruff opginn, soen d'Gewerkschaften. Dem Educatiounsminister seng Ännerunge bewäerte si ënnerschiddlech.

Accord salarial
Fonction publique

Den neie Gehälteraccord tëscht Staat a CGFP steet. Deen Text gesäit eng Rei finanziell, statutaresch a sozial Verbesserunge fir d’Staatsbeamten an d'Staatsemployéë vir. Detailer a Reaktiounen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen